Leschten Update: 11:10 Auer
Deen éischte Won huet direkt ugefaange mat brennen an ass komplett ausgebrannt. Déi zwee Chauffeuren si méi schro blesséiert, woubäi deen aus dem éischte Gefier uerg verbrannt ass.
D’Autobunn hat misse gespaart ginn. An der Tëschenzäit ass awer déi riets Spuer mat enger Vitesslimitatioun do nees op, wougéint déi lénks bis op Weideres zou bleift, well Reparaturen néideg sinn.
Eventuell Zeie vum Accident solle sech bei der Verkéierspolice um 244 17 5200 oder um 113 mellen.