Rodange

Nei Struktur fir 30 Asyl-Demandeuren – Visitt mam Buergermeeschter a mam Minister

Vum Mee u kënnen zu Rodange op der Grenz ronn 30 Asylbewerber an engem neie Foyer een Ënnerdaach kréien. De Foyer ass am Optrag vum Familljeministère gebaut ginn. Den Terrain huet dem Staat gehéiert. Virdru war do eng Douane.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

De Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf an de Minister Max Hahn | © Carole Schimmer play_arrow
De Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf an de Minister Max Hahn (Foto: Carole Schimmer)

Dat neit Gebai huet dräi Stäck a ka bis zu 30 Asylbewerber empfänken. Op Invitatioun vun der Péitenger Gemeng an dem Familljeminister Max Hahn (DP) war um Samschdeg eng Visite guidée.

 An d’Visite geet direkt um Rez-de chaussée un, an zwar an der Kiche-Stuff. Do huet de Familljeminister Max Hahn erkläert:

“Hei gesitt Der dann d'Gemeinschaftskichen, op deenen aneren zwee Stéck gesitt Der dat selwecht nach eng Kéier. Hei wéi gesot opgedeelt op déi eenzel Bewunner pro Stack, a wéi gesot och mat engem Raum, deen da ka genotzt ginn, fir gemeinschaftlech Aktivitéiten ze maachen. Fir awer och zesummen z'iessen oder och fir d’Kanner mol Hausaufgabe mëttes ze maachen, dat ass e bëssen d‘Grondiddi vun deem heite Raum.”

Nieft deenen Openthaltsräim, fënnt een zwee Buedzëmmeren, Zëmmere mat eenzelne Better, mee och Better déi iwwertenee leien, wa Kanner am Zëmmer vun den Eltere sinn.

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

D'Kanner sollen an der Gemeng an d'Schoul goen

A propos Kanner, déi ginn um lokale Plang an d’Schoul, erkläert de Péitenger CSV-Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf:

“D'Gemengen an de Staat musse sech hei op Aenhéicht kënne kucken, fir Léisungen ze sichen, fir déi Kanner, déi dann heihinner kommen, wat previsibel ass, an dat dann och ëmzesetzen. An dat ass een Challenge. An dee muss ee kucken ze meeschteren am Interêt vun der Saach.”

Eng aner änlech Struktur wéi déi zu Rodange gëtt zu Käerjeng gebaut. An zwar wier dat do een drëtte Foyer fir Asylbewerber an der Gemeng. Zu Wolz gëtt och schonn un engem drëtte Foyer geschafft.

Fir Péiteng géifen et weider Pläng ginn, fir eng weider Infrastruktur.

D’Zil war et, ronn 500 Better a méi klenge Gebaier ze schafen, déi de Läit eng gewëssen Autonomie erlaabt, fir op der Plaz selwer ze kachen an si kënnen sou wäit ewéi méiglech hir Intimitéit an hiren Zëmmere garantéiert kréien. Ee sozialen Encadrement gëtt an deene Strukturen assuréiert, grad ewéi ee Gardiennage.

Opruff un d'Gemenge fir weider Strukturen

De Familljeminister Max Hahn mécht een Appell un d’Gemengen, fir no neie Plazen ze sichen. Wéi eng minimal Gréisst missten déi Projeten hunn?

“Den ONA seet a priori Strukture solle se ab 30 Better grouss sinn, wéi mer et dann hei hunn. Dat ass natierlech den Optimum. Firwat? Well s de eeben einfach duerch den Encadrement social, deen hues de da ganz op der Plaz. Et ass am beschte schaffen. A bis no uewen (...) ass et op. An do kann ee souguer soen, och do méi grouss Strukture kënne ganz gutt fonctionéieren.”

De Minister Max Hahn betount och, datt de Staat d’Baukäschte ganz iwwerhëlt. D’Gemenge kréie pro zousätzlechen Awunner eng weider finanziell Ënnerstëtzung, wéi dat am Gemengefinanzéierungsgesetz virgesinn ass.

Donieft huet de Max Hahn ugekënnegt, datt d’Gesetz iwwer den Accueil vun Asylbewerber komplett nei op de Leescht geholl gëtt. Ënnert anerem sollen Asylbewerber no enger Period vu véier Méint kënne schaffe goen. De Moment sinn et sechs Méint.

Lauschterenplay_arrow