Mobilitéit

D'Aarbechten am Tunnel Grouft sollen nach op d'mannst bis August udaueren

Esou séier sinn d'Aarbechten am Tunnel Grouft nach net ofgeschloss - déi aktuell Verkéierslimitatiounen op 70 Kilometer an der Stonn sollen nach bis an de Summer eran gëllen.

auto_stories

1 min

Tunnel | © picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel
Tunnel (Foto: picture alliance / BeckerBredel | BeckerBredel)

An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro erkläert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, datt am Tunnel Grouft beschiedegt Komponente missten ersat ginn. Am Juli sollen déi installéiert ginn, wann d'Liwwerterminer agehale ginn, preziséiert d'Ministesch. 

Bis Ausgust sollen d'Aarbechten ofgeschloss an d'Vitesslimitatiounen opgehuewe ginn.