Mobilitéit

D'Zefriddenheet vun Notzer:inne vum Adapto-Busservice ass an d'Luucht gaangen

Nodeems de Busservice fir Persoune mat enger Beanträchtegung, Adapto, an deene leschte Joren ëmmer nees an der Kritik stoung, huet d’DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes haut eng Etüd virgestallt déi weist, datt d’Zefriddenheet vun den Notzer:innen antëscht an d’Luucht gaangen ass.

auto_stories

2 min

Pressekonferenz iwwer Adapto-Service | © Moris Garzaro
Pressekonferenz iwwer Adapto-Service (Foto: Moris Garzaro)

Am Mäerz 2024 war den Adapto Thema vun enger Petitioun an der Chamber. D’Kritik war deemools, datt de Mobilitéitsservice net funktionéiere géing. 

Verspéidungen, onqualifizéiert Buschaufferen a falsch Destinatioune wiere reegelméisseg Problemer, hat et deemools geheescht.

Zefriddenheet vun 69 op 80 Prozent geklommen

Fir de Service ze verbesseren, goufe Mesüren ergraff, virop nei a méi Formatioune fir d’Chaufferen.

Fir nach e Mol de Point ze maache gouf am September d’lescht Joer eng Etüd vun ILRES duerchgefouert, bei der ronn 600 Clientë gefrot goufen, wéi zefridden si mat dem Service sinn. D’Zefriddenheet wier am Verglach mat enger Ëmfro, déi 2024 gemaach gouf, an d’Luucht gaangen, esou d’Yuriko Backes. 

"Mir hunn eng méi kleng Enquête gemaach, dat war 2024, an do war den Taux de satisfaction op 69 Prozent. Dat heescht, mir gesinn tëschent 2024 a 2025 eng kloer Verbesserung vun 69 op 80 Prozent."

Trotzdeem kéint et ëmmer nach zu Incidente kommen, an dat géif och seriö geholl ginn. An deene Fäll géif dann de Suivi gemaach ginn, esou d’Ministesch.

Vu 15 Minutte Retard u kritt d'Busfirma eng Stroof

2024 goufen och Strofe fir d’Busfirmen agefouert, déi am Fall vu Verspéidungen ab 15 Minutten ausgeschwat goufen. Och do géif et Verbesserung ginn, esou de Léon Ludovicy, Direkter vun der Administration des transports publics. 

"Mir hu jo an eise Kontrakter mat de Busfirmen, och am Beräich ADAPTO, sinn eng Rei Penalitéite festgesat, wa se se sech net un de Kontrakter halen. Do war elo zum Beispill de leschte Mount fir d'éischte Kéier, datt mer iwwerhaapt keng Penalitéiten hu mussen ausstellen." 

Och d'Busfirmen hätten dat an hire Kontrakter ëmgesat. 

"Dee Moment ass dat jo och eng Réckmeldung fir den Utilisateur, datt de Service fonctionéiert."

Geplangt ass elo, datt den Internetsite an d’App méi accessibel ginn, dat beispillsweis duerch den Asaz vun einfacher Sprooch. Och de Callcenter gouf scho verstäerkt fir d’Waardezäite beim Uruffen ze verkierzen.