USA

D'UN schwätzt vu Folter: Exekutioun an den USA soll am Livestream gewise ginn

D‘Vereenten Natioune reagéiere mat Entsetzen op d‘Annonce vun den USA, datt d‘Hiriichtung vum Nidal Hasan Live soll iwwerdroe ginn. D‘UNO géif dat als Folter bezeechnen, huet de Büro vum UNO Beoptraagte fir Mënscherechter, Volker Türk, matgedeelt.

auto_stories

1 min

US-Verteidegungsminister Pete Hegseth | © EPA/JIM LO SCALZO
US-Verteidegungsminister Pete Hegseth (Foto: EPA/JIM LO SCALZO)

Et géif een dofir suergen, datt d’Exekutioun vum Nidal Hasan ëffentlech kéint suivéieren, hat den US-Verteidegungsminister Pete Hegseth gesot. D’Exekutioun soll per Livestream iwwerdroe ginn. Den Nidal Hasan war Psychiater bei der US-Arméi. 2009 hat hie fir e Massaker op enger Militärbasis gesuergt. Als Attentäter gouf hien zum Doud verurteelt.

Ufank Dezember dëst Joer soll hie vun engem Erschéissungskommando higeriicht ginn. Dat op enger Militärbasis am US-Bundesstaat Texas.