2016 goung et mat him biergof, wéi hie wéinst dem Verheemleche vu Suen, déi hie bezuelt hat, fir engem Prozess ze entgoen, zu 15 Méint Prisong verurteelt gi war. Him gouf sexuelle Mëssbrauch vun Teenager virgehäit, wärend hien an der Highschool Trainer am Ringe war.
Och soll hie säi Parteikolleg Mark Foley schonn 2006 geschützt hunn, dee sexualiséiert Noriichten u Mannerjäreger geschéckt huet. Den Hastert soll doriwwer Bescheed gewosst hunn, an näischt ënnerholl hunn. An deem Kader war säi Récktrëtt gefuerdert ginn.
Den Dennis Hastert war eng Zäit laang e gär gesinnene Gaascht hei am Land, bis hie fir 13 Méint an de Prisong misst.