Cybersécherheet

Lacunne bei PHP-Programméiersprooch: CTIE setzt verschidde staatlech Servicer offline

D‘Cellule d‘evaluation fir d'Cybersécherheet an d'Cellule fir d'Evaluatioun vu Cyberrisiken (CERC) hu matgedeelt, datt de CTIE verschidde staatlech Internetsäite preventiv offline geholl huet. Dat no zwou Reunioune gëschter am Laf vum Dag wéinst de weltwäite Lacunne bei der Programméiersprooch PHP.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Westend61 | Andrew Brookes play_arrow
(Foto: picture alliance / Westend61 | Andrew Brookes)

D’Sécherheetslücke sinn duerch d’US-amerikanesch Entreprise OpenAi ëffentlech gemaach ginn. Dës hate mat hirem KI Modell GPT d’Schwaachstelle fonnt a gemellt.

Majoritéit vun online Servicer fueren iwwer PHP

PHP erlaabt et engem Internetsite eng Connection mat engem Server opzebauen an esou Donnéeën ofzeruffen. Zënter den 1990er baséiert e Groussdeel vun alle Websäiten op dëser Technologie. Schätzunge ginn dovun aus, datt hautzedaags ronn 22 Milliounen Internetsite PHP benotzen.

D’Schwaachstellen, déi OpenAi entdeckt hunn, géifen et Ugräifer erméiglechen, déi komplett Kontroll iwwer déi betraffe Websäiten ze iwwerhuelen. Kriminell Acteure kéinten dann aus der Distanz de Code vun der Websäit veränneren.

Esou kéinten dann Donnéeë vun Notzer:innen ofgegraff ginn oder d’Websäit selwer mëssbraucht ginn. Branchenexperte warnen, datt Cyberkrimineller esou mat Hëllef vun automatiséierte Programmen am grousse Stil Serveren attackéiere kéinten.

Konsumente mussen näischt maachen

Den Haut Commissariat à la Protection nationale recommandéiert dowéinst esou séier wéi méiglech Aktualiséierungen duerchzeféieren, déi d’Sécherheetslücke behiewen.

Bis dës Aktualiséierungen duerchgeféiert sinn, sollen d’Serveren offline geholl ginn. Dat huet de Lëtzebuerger Staat och gëschter gemaach. Wéi och an eisen Nopeschlänner goufen e Mëttwoch am Nomëtteg Serveren temporär deconnectéiert.

Zousätzlech huet sech d’Evaluatiouns Cellule Cyber Risike getraff fir iwwer d’Situatioun ze beroden. Fir Konsumente besteet iwwerdeems kee Besoin fir ze Handelen. D’Schwaachstelle betreffe just d’Serveren a net d’Apparater vun den Notzer.

Lauschterenplay_arrow