D'Gebai gëllt als nohalteg a ganz sécher. De Käschtepunkt beleeft sech op 77 Milliounen Euro. Et ass zwar aus Bëtong gebaut, fir datt d’Maueren déi grouss Laascht kënnen aushalen.
100 Linearkilometer Dokumenter
Um Daach ginn et eng sëllege Photovoltaiksplacken a bannena vum Gebai goufen dräi Zorten Holz gebraucht. Material dat ee kann auserneenhuelen an nees an engem Neibau asetzen.
D’Josée Kirps, Direktesch vun den Nationalenarchiven, erkläert, datt am Gebai vill Plaz ass.
"D'Gebai ass ausgeluecht fir 100 Linearkilometer Dokumenter. Dat heescht, wa mir elo ganz heibanne sinn, dann ass d'Hallschent voll. An dann hu mir gerechent, plus minus, wäert et 30 Joer daueren, bis mir de Rescht voll hunn. Dat kann ee lo net genau soen, well mat deem digitalen hëlt de Pabeier of. Mee op jidde Fall kréie mir ganz vill eran, duerch och d'Archivgesetz, wat elo seng Wierkung weist."
Nach ass d’Plënneraktioun net fäerdeg, mee déi misst bis Enn des Joers ofgeschloss sinn. D’Dokumenter vun de Nationalarchive ginn op eng eenzeg Plaz transferéiert, wéi de Kulturminister Eric Thill betount.
"Et bréngt d'Servicer an d'Depoten op engem Site zesummen a schafft virun allem och besser Konditioune fir all déi Leit, déi hei schaffen an och Recherchë maachen."
Am Fall vu Feier géif Gas agesat ginn
D’Nationalarchive leien direkt um Site vu Belval net wäit ewech vun der uni.lu, déi hir Recherchen an den Nationalarchive kënne méi einfach maachen. Fir d’Yuriko Backes, Ministesch fir ëffentlech Bauten, sinn d’Nationalarchiven extreem wichteg fir d’Demokratie.
"An Zäite vu Fake News, vun Desinformatioun, ass et wierklech essenziell eis dokumentarescht Ierwen ze schützen. Et ass wichteg nei Raim ze schafen, fir a Rou doriwwer nozedenken. Domadder stäerke mir net nëmmen eis selwer, mee och eis Demokratie."
Fir ze verhënneren, datt een eventuelle Brand kéint virukommen, hunn d’Pompjeeë sech dorunner adaptéiert, Amplaz vu Waasser géif am Fall vun engem Brand ee Gas agesat ginn, deen de Sauerstoff an engem Raum kann erofdrécken, soudatt kee Feier kann entstoen.
80 Persoune schaffe mëttlerweil fir d‘Nationalarchiven. D’Nationalarchiven hunn d’Missioun, d’Dokumenter vum Staat ze behalen an ze preservéieren. Mee och Gemenge kënnen hir Dokumenter um Site vun Esch-Belval ënnerdaach kréien. An engem Interreg-Pilotprojet sollen iwwerdeems 20 kleng Land-Gemengen hir wäertvoll Archive kënnen um Belval deponéieren.