Iwwerraschend Demissioun: Trump-Pressespriecherin Karoline Leavitt trëtt zeréck
D'Karoline Leavitt gëllt als enk Vertrauten a Supporterin vum US-President. Si huet elo annoncéiert, hiert Amt als Pressespriecherin Enn dës Mounts néierzeleeën. Si wéilt méi Zäit fir hir Famill hunn. Dat deelt ënner anerem den US-President selwer als Grond mat.
Karoline Leavitt (Foto: EPA/Allison Robbert / POOL)
Zënter Januar 2025 huet d'Karoline Leavitt mat grousser Schlagfäerdegkeet a vill sang-froid politesch Decisioune vum Donald Trump, och géint déi schäerfste Kritiker, verteidegt.
D'Leavitt soll an Zukunft awer och eng wichteg extern Beroderin bleiwen, esou dem Trump seng Prezisioun. D'Karoline Leavitt ass 28 Joer al. Si huet viru Kuerzem e Kand kritt.