D'Virwërf wieren ze "vereenzelt an episodech", fir datt der Uni e Verstouss géint d‘Gesetz kéint virgeheit ginn, esou de Riichter.
Et ass schonn déi zweet Defaite vun der US-Regierung géint d'Harvard Universitéit. D'Trump-Regierung hat der Elite-Uni zejoert ënnerstallt, eng lénks-liberal Ausriichtung ze vertrieden an och ze ënneriichten.
Hien hat der Uni dowéinst verschidde Fuerschungssue gestrach. E Geriicht hat dëst awer als onzoulässeg deklaréiert.