Et ass onkloer, ob de President de Blockage nach virun de Kongresswalen an dräi Méint ophiewe kann. Den Donald Trump behaapt ouni Beweiser, datt bei der Bréifwal gefuddelt ka ginn a wëllt dofir d‘Reegele verschäerfen.
Seng Kritiker soen, datt hien domat Wieler a Wielerinnen, déi géint seng Politik sinn, ausschléisse wëllt.
Postdéngscht USPA
Den Donald Trump hat schonn am Mäerz dëst Joer annoncéiert, datt de Postdéngscht USPA just nach Bréifwalënnerlagen u Leit ausginn dierf, déi op enger spezieller Lëscht stinn. Dës Lëschte solle vun de Bundesstaaten opgesat ginn.
De Postdéngscht hätt domat net méi just d'Aufgab, Bréiwer auszedroen, mee géif zu engem aktiven Acteur ginn, esou d'Kritik. Een US-Geriicht hat der Firma bis op Weideres verbueden, dem Donald Trump seng Uweisungen ëmzesetzen.
Supreme Court trëfft final Entscheedung
Dat lescht Wuert an der Saach huet de Supreme Court. De Justizministère hätt scho probéiert, gréng Luucht vum ieweschte Geriichtshaff ze kréie fir dës Ännerung am Walrecht permanent ze maachen. Dat mellt déi däitsch Presseagence DPA.
Midterms am November
D'Republikaner hunn den Ament am Senat an och am Representantenhaus eng knapp Majoritéit. Bei de Midterms den 3. November kënnt et fir d'Republikaner dofir op all Sëtz un.
Wa si an enger vun den zwou Parlaments-Kummeren d'Majoritéit verléieren, dann hu si net méi déi komplett Muecht am Kongress. D'Kontrollfunktioun vum Parlament, iwwer de President a seng Regierung, wier domat nees méi grouss.