Déi nei Strategie sollt zesumme mat den Acteuren um Terrain ausgeschafft ginn. D’Zil vun dëser Strategie wier et, d’Branche nohalteg ze stäerken.
D’Filmbranche hei am Land ass schonn zënter Joren an der Kris. Et hätt och scho Gespréicher tëschent dem Lëtzebuerg Film Fong an de Produzenten an Techniker ginn.
Budget wier net un d'Inflatioun ugepasst
Den Donato Rotunno, President vun der ULPA, der Unioun vun de Produzenten aus dem audiovisuelle Beräich, hofft an éischter Linn mol, datt déi ganz Efforten aus de leschte Jore sech net am Sand verlafe wäerten. Am Dialog an iwwer Accord wier nämlech scho vill opgebaut ginn.
"Zum Beispill Barème mat verschidden Associatiounen negociéiert, datt mer dat natierlech weiderféieren an net vu vir ufänken."
Wat de Budget ugeet, missten och e puer Ännerunge gemaach ginn, fënnt de President vun der ULPA. De Budget vun 2026 fir den audiovisuelle Secteur beleeft sech op insgesamt 36 Milliounen Euro. Dëse wier net un d’Inflatioun ugepasst, seet den Donato Rotunno.
D'Geld misst hei am Land bleiwen
Réischt dëse Summer hunn d’Filmland-Studioen zu Kielen hir Diere missten zoumaachen. Och Paul Thiltges Distributions an d’Produktionsfirmen Wady hu bannent de leschten 12 Méint Faillite gemaach.
De Carlo Thiel, Tountechniker a President vun der Techniker-Associatioun Alta, erhofft sech vun der ugekënnegter Strategie méi Stabilitéit fir de Filmsecteur. Och no 35 Joer géif dësen ëmmer nach op wackelege Bee stoen.
Fir hie wier eng méi protektionistesch Approche zilféierend. Dat heescht, datt méi Suen an déi lokal Produktioune fléissen an dofir manner an d’Ausland.
Nei Reegelen fir den AFS-System
D’Aide financière sélective, kuerz AFS-System, iwwer deen d’Suen aus dem Filmfong verdeelt ginn, misst dofir reforméiert ginn. Der Meenung sinn de Carlo Thiel an och den Donato Rotunno.
"Mir sinn eis alleguerten am Secteur eens ginn, fir eng nei Visioun vun der AFS ze deelen."
Si géife schonn zënter Méint un dësem Projet schaffen, seet den Donato Rotunno. Hie géif sech erwaarden, datt op d'mannst an den nächst Wochen hei eppes "méi Offizielles" annoncéiert gëtt.
De Guy Daleiden, Direkter vum Filmfong bestätegt, datt hei Gespréicher gelaf sinn. De System géif net geännert ginn, mee vum nächste Joer u géifen nei Reegele fir d’Verdeele vun de Sue gëllen. Wéi vill Suen e Filmprojet kritt, gëtt momentan fir all Projet eenzel gekuckt.