Rapport vun 2025

Europäesche Rechnungshaff: EU-Schold kéint bis 2027 op eng Billioun Euro klammen

D’Zukunft vum EU-Budget an d’Zukunft vun der EU stinn um Spill, esou d’Member vum Europäesche Rechnungshaff Joëlle Elvinger, en vue vun de schwieregen Diskussiounen iwwer d'Finanze fir déi nächst Joren. Si huet de Rapport vun der europäescher Cour des comptes vun 2025 an der Chamber presentéiert. 

auto_stories

3 min

© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

Et misst aus de Feeler aus der Vergaangenheet geléiert ginn, an et wier e kruziale Moment fir d’EU, esou d’Joëlle Elvinger no der Kommissiounssitzung an der Chamber. All siwe Joer gëtt een neie pluriannuelle Finanzkader diskutéiert. De Moment ginn et gréisser Divergenzen tëschent de Memberstaaten. An deem Kontext warnt d’Joëlle Elvinger. 

"Wat gi mir weider un déi nächst Generatiounen? Mir weisen op déi héich Schold hin an eisem Avis. Mir hunn dat och schonn an eisem Joresbericht erwäänt, wou mir drop hiweisen, datt déi Schold bis 2027 kann op eng Billioun Euro klammen, wat natierlech immens vill ass."

Iwwerdeems bestéing de Risiko, datt d’EU sech nach méi verschëlt.

"Mir sinn elo schonn an enger Situatioun, wou mir mussen d'Zënse bezuele vun deene Scholde vum NextGenerationEU, wat och e ganz groussen Deel vun deem nächste Budget wäert ausmaachen."

Fraude ass net dem Rechnungshaff seng Aufgab

Den Europäesche Rechnungshaff ass d’lescht Joer och op 17 Fäll vu presuméiertem Bedruch gestouss, och wann dat net déi eigentlech Aufgab vun dësem onofhängegen externen Auditeur ass, esou d'Joëlle Elvinger.

"Dat ass ganz kloer: Eis Missioun ass net fir de Bedruch opzedecken. Et ass awer esou, dass wa mir an eisen Auditen op presuméiert Fäll vu Bedruch falen, dass mir déi da weiderginn un den OLAF, wat den Office de lutte antifraude vun der Kommissioun ass, wéi och un den europäesche Parquet, déi dann decidéieren, ob si eng Enquête opmaachen."

Feelerquot ass ze héich

Als onofhängegen externen Auditeur kontrolléiert den Europäesche Rechnungshaff mat Sëtz um Kierchbierg, ob d’Sue richteg ausgi ginn. Mat 3,8 Prozent wier déi geschate Quot vun de feelerhaften Ausgabe vun der EU nach ëmmer ze héich, heescht et am Rapport fir d’Joer 2025. Dozou den CSV-Deputéierte Jeff Boonen.

"Dat heescht, dass mir awer Feeler fannen, wou Budgeten net richteg agesat ginn. Dofir ass et richteg, dass viru gekuckt gëtt, wou sinn d'Ursaachen a wou kann een déi Kontrollmechanisme verbesseren."

Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana probéiert dat Gutt ze gesinn.

"Wat awer mengen ech positiv ass, ass tëschent dem Europäesche Rechnungshaff an de repressiven Autoritéiten, wéi un de Parquet européen besteet, eng gutt Zesummenaarbecht, fir eeben deene Fraude kënnen nozegoen, wat natierlech och en Impakt huet op d'Exekutioun vum Budget vun der Europäescher Kommissioun."

An der Chamber-Kommissiounssitzung wier een zum Beispill gewuer ginn, datt am Beräich vum Tubak den illegalen Handel an der Europäescher Unioun ganz staark entwéckelt wier, esou den DP-Deputéierten André Bauler.