Wirtschaft

Eurozon-Wirtschaft entwéckelt sech besser wéi gefaart, mee d'Inflatioun klëmmt weider

Am éischte Quartal vun dësem Joer huet d'Wirtschaft an der Eurozon stagnéiert. Am zweete Quartal ass de Wuesstem awer nees ugezunn. Dat läit virun allem drun, datt Irland sech wirtschaftlech staark erholl huet. An och d'wirtschaftlech Dynamik a Spuenien wierkt sech positiv op d'Eurozon aus.

auto_stories

2 min

An deenen aneren Eurozon-Länner ass d'Wirtschaft relativ stabel bliwwen. De Wuesstem géif weiderhi weinst den héijen Energiepräisser an engem schwaache Vertraue vun de Verbraucher stagnéieren, erkläert den Internationale Wärungsfong. 

Weltwirtschaft méi resilient wéi geduecht

Den IWF rechent mat engem Wuesstem an der Eurozon vun 1,1 Prozent a fir d'Weltwirtschaft vun 3,1 Prozent fir dëst Joer. Dat sinn 0,1 Prozentpunkte méi wéi an deene leschte Prognosen. 

Fir d'Joer 2027 geet de Wärungsfong iwwerdeems vun 3,4 Prozent wirtschaftlechem Wuesstem aus. 

Déi global Wirtschaft géif sech als méi resilient weise wéi geduecht, seet den IWF. Awer och de Réckgang vun der Demande un Energie aus China huet sech positiv op d'Energiepräisser ausgewierkt. 

Parallel klëmmt d'Inflatioun 

Den IWF huet sech och d'Auswierkunge vun der Kënschtlecher Intelligenz op d'Weltwirtschaft ugekuckt. Si warnen: Sollte de KI-Hype sech als net gerechtfäertegt erausstellen, da kéint dat déi global Wirtschaft massiv aschränken.

Gläichzäiteg betount den IWF, datt ouni d'Investissementer an der KI d'Wirtschaft vun dësem Joer an enger Rezensioun gerutscht wier. 

Duerch d'Energiepräisser an d'Entwécklunge bei der KI gëtt och d'Inflatioun virugedriwwen. Den IWF erwaart sech eng Präisdeierecht vu 4,7 Prozent fir dëst Joer. An och fir d'nächst Joer goufen d'Prognose vu bis ewell no uewe korrigéiert, op elo eng Inflatioun vu 4,1 Prozent.