EU

Iresch EU-Presidence mécht nei Propose fir EU-Budget: 159 Milliarden Euro méi niddreg

Am Sträit ëm den nächsten EU-Budget huet déi iresch EU-Presidence eng nei Propos virgeluecht. De Budget fir d'Joren 2028 bis 2034 soll deemno ëm 159 Milliarden Euro méi niddreg ausfale wéi ursprénglech vun der EU-Kommissioun virgesinn.

auto_stories

1 min

Besonnesch bei der Fuerschung, der Verdeedegung an der Aussepolitik soll gespuert ginn. D'Agrarpolitik an d'Ënnerstëtzung vu wirtschaftlech méi schwaache Regioune sollen dogéint gréisstendeels verschount bleiwen. 

Muss méi gespuert ginn?

Eng Partie EU-Länner, dorënner Däitschland, kritiséieren dës Propos a sinn der Meenung, datt si net wäit genuch geet. Si fuerderen däitlech méi grouss Kierzungen. Eng Eenegung soll nach bis Enn des Joers fonnt ginn.

Um EU-Sommet d'nächst Woch zu Bréissel wäert och iwwer den EU-Budget diskutéiert ginn. D'Wettbewerbsfäegkeet vun der europäescher Unioun an d'Energieversuergung stinn och um Ordre du Jour.