Et kënnt keng national Taxe de séjour fir Touristen zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg soll keng national Taxe de séjour fir Touristen agefouert ginn. Dat äntwert de Minister Lex Delles op eng parlamentaresch Fro vun der ADR. Et soll, wéi bis elo, de Gemengen iwwerlooss sinn, ob si esou eng Tax fir d‘Touriste froen.
Eelef Gemengen hunn am Moment eng Taxe de séjour. An der Stad Lëtzebuerg zum Beispill ass déi op 3 Prozent vun der Rechnung hors TVA fixéiert.
Si huet der Stad d‘lescht Joer iwwer 3,5 Milliounen Euro erabruecht. Dat ass bei Wäitem de gréisste Montant. D‘Stad Esch hat duerch hir Taxe de séjour d‘lescht Joer ronn 160.000 Euro Recetten.