No Bëschbränn an der Belsch

Gemeng Schengen wëllt hir Loftqualitéit elo selwer analyséieren

Als Reaktioun op déi schlecht Loftqualitéit no de Bëschbränn an der Belsch, analyséiert d’Gemeng Schengen d’Loftqualitéit op hirem Territoire elo selwer. Dat huet de Pit Gloden, Sécherheetsdelegéierte vun der Gemeng Schengen, am 100,7 Interview erkläert. 

auto_stories

2 min

Damp wéinst de Bëschbränn steet iwwert Schengen | © Natalie Mertesdorf
Damp wéinst de Bëschbränn steet iwwert Schengen (Foto: Natalie Mertesdorf)

Déi dräi Wiederstatiounen (Wellesteen, Elweng a Remerschen), déi schonn zënter leschtem Joer an der Gemeng stinn, hätten d’Loftqualitéit souwisou scho gemooss. No de Bëschbränn vum leschte Weekend hätt ee sech decidéiert dës Wäerter elo méi genee ze suivéieren. 

Wa bestëmmte Wäerter iwwerschratt géife ginn, kéint een doropshi selwer d’Awunner:inne vun der Gemeng informéieren, esou de Pit Gloden. Accès op déi verschidden Donnéeën huet och just d’Gemeng. Bierger kënnen déi bis ewell net selwer consultéieren, mee déi Iddi besteet awer.

"Dat ass eng Decisioun, déi jo iergendwann eng Kéier elo muss geholl ginn, bezéiungsweis ob de Besoin do ass, well mir si jo eng ländlech Gemeng, do ginn et och Wënzer a Baueren, déi och mat deenen Donnéeë vläicht kéinten eppes ufänken, also elo einfach nëmme mat der Temperatur, mee och mam Reen, datt een deenen déi Donnéeën och kéint zur Verfügung stellen."

Um Enn wier et awer eng politesch Decisioun déi misst getraff ginn.

D'Gemeng Stadbriedemes analyséiert hier Loftqualitéit schonn zënter Längerem selwer.

Loftqualitéit am Norde vum Land ass nees besser

Nodeems d’Loftqualitéit zu Lëtzebuerg ënner de Bëschbränn an der Belsch gelidden hat, wier se zënter e Méindeg permanent ënner den europäesche Grenzwäerter. Dat huet den Etienne Ehmann vum Service de Protection Sanitaire vum Gesondheetsministère am 100,7 Interview erkläert. D’cellule interministerielle hat dräi Miessstatiounen am Norde vum Land opstelle gelooss (Clierf, Wolz a Parc-Housen) fir d’Situatioun ze iwwerwaachen. 

Tëschent e Méindeg de Mëtteg an e Mëttwoch de Mëtteg hätt een zweemol de Relevé vun den Donnéeë gemaach. Déi Donnéeë ginn all Minutt erhuewen an all 24 Stonnen ausgewäert erkläert den Etienne Ehmann aus dem Gesondheetsministère.

"Mir hunn do, mat Ausnam vun techneschen Artefakter gesi mer, datt iwwert déi Souwuel um Niveau vun de PM10en, wéi och um Niveau vun de PM2,5 - dat sinn zwou verschidde Gréisste vu Feinsteinpartikelen - mer kontinuéierlech wäit ënnert dem Seuil bleiwen, wou d'Recommandatioune vun der europäescher Richtlinn soen, datt een de Public misst informéieren."

D’Miesstatiounen sollen awer net permanent do stoe bleiwen, well déi net dofir geduecht sinn esou den Etienne Ehmann. Et wier dann och hei eng politesch Décisioun, ob an Zukunft permanent Variante vun deene Miessstatiounen opgestallt ginn.