De 7. Oktober 2023: Ronn 1.200 Leit goufen an Israel ëmbruecht, iwwer 250 anerer goufen als Geisele geholl a an d'Gazasträif entféiert. Dësen Ugrëff huet de Gaza-Krich ausgeléist.
Och wann zënter Oktober zejoert e Waffestëllstand gëllt, ginn et nach ëmmer déidlech Attacken. An d‘Situatiounen an der Gazasträif an am Westjordanland ass dramatesch. Zéngdausende vun Doudeger, vill Kanner, an onvirstellbar Liewensbedingunge fir d’Palästinenser a keen Enn ze gesinn.
Toleranz léist Mënscherechtsverletzungen net zou
Et ginn Theemaen, wou ech net kann an net wëll de Mond halen. Fir mech sinn d‘Mënscherechter d’Fundament vun der Mënschlechkeet – eng Aart Frëndschaft, déi eis iwwer all eis Ënnerscheeder, verbënnt.
D’Würd vun engem Mënsch ass net verhandelbar. An et ass grad aus dësem Grond, datt ech net stomm ka bleiwen, wann ech gesinn, wat am Gaza, am Westjordanland geschitt.
Ziviliste ginn ëmbruecht. Si gi verdriwwen, si hu keen Zougang zu Waasser, Iessen, zur Gesondheetsversuergung. Et sinn iwwer 73.000 Palästinenser, dovunner 21.500, Kanner déi ëmbruecht gi sinn.
Fir vill Mënscherechtler ass dat ouni Zweiwel e Verbrieche géint d'Mënschlechkeet, jo souguer e Genozid. An ech wëll eppes ganz Banales soen: D’Liewe vun engem israeelesche Kand ass genee esou wäertvoll wéi dat vun engem palästinensesche Kand.
Ech erwaarden, datt mir d'Kanner aus Gaza an Israel esou betruechten, wéi wann et eis eege Kanner wieren.
Wéi all déi, déi mech elo lauschteren oder liesen, hunn ech d'Chance an engem Land ze liewen, dat vun esou engem Konflikt verschount ass. Aneschters hätte mir vläicht gesinn, wéi eist Kand erschoss ginn ass, eise Partner oder Partnerin vergewaltegt gëtt, eis Elteren ënner engem vun de Siidler zerstéierten Haus begruewe sinn.
Ech wier zënter Méint an engem Prisong festgehalen, isoléiert, gefoltert, an dat ouni jeemools verurteelt ze sinn. Aus wéi engem Grond? Well ech dëse Kommentar gemaach hunn, deen Dir elo liest.
De Benjamin Netanjahu an seng Regierung musse verurteelt ginn
Ech si solidaresch mat de ville Israeelien a Judden. An Israel an iwwerall op der Welt. Mat de Journaliste vun der Zeitung "Haaretz", déi zu Tel Aviv erschéngt, mam Yuval Abraham a Rachel Szor, déi de Film Naza gedréint hunn, déi alleguerte mat Schäerft an Empörung d'Aktioune kritiséieren, déi mat kompletter Stroflosegkeet verüübt ginn.
D'Verurteelung vun den Handlunge vun der israeelescher Regierung an der israeelescher Arméi bedeit net, géint Israel ze sinn oder antisemittesch ze sinn. Et geet net drëms, tëschent Israel a Palästina ze wielen.
D'Massaker vum 7. Oktober 2023 vun der Hamas huet mech geschockt, mee et rechtfäerdegt kee weidert Verbrieche géint d'Mënschlechkeet.
D‘Haltung vun eiser Regierung ass net couragéis a léist villes ze wënschen iwwreg. Vläicht solle si mol lauschteren, wat de Premier a Spunien, de Pedro Sánchez a senger Ried virun de Vereenten Natioune gesot hu.
Eng Mise à jour géing eisem Ausseminister an der Regierung net schueden.
Ech hat viru ville Joren den Elie Wiesel op enger Konferenz begéingt. Wéi hien den 10. Dezember viru 40 Joer, 1986, de Friddensnobelpräis entgéintgeholl huet, sot hien, hien hätt en Eed ofgeluecht, ni stomm ze bleiwe wa Mënsche Leed an Demütigung erliewen, egal wou dat och sollt sinn.
An och: 'Mir mussen ëmmer Partei ergräifen. Neutralitéit hëlleft dem Ënnerdrécker, ni dem Affer. D'Schweigen ënnerstëtz deen, deen ënnerdréckt, ni d'Affer“.
Ech hu mir dës Wierder zu Häerz geholl an ech weess och, datt ech net eleng sinn.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.