Klimapolitik

Paul Galles: Elo ass de Moment fir eng méi konsequent Klimapolitik

Ëmweltorganisatioune schloen Alarm: Déi aktuell Dréchent an dat waarmt Wieder sinn däitlech Unzeeche vun enger Klimakris. Mee wéi reagéiert d'Politik dorop? De President vun der Ëmweltkommissioun an der Chamber, de Paul Galles, mengt net, datt jiddereen den Eescht vun der Situatioun erkannt huet.

auto_stories

5 min

headphones

10 min

De Paul Galles | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Paul Galles (Foto: Jo Diseviscourt)

D'Hëtzt an d'Dréchent hunn dëse Summer fest am Grëff. Op der Tëlee gesäit ee Biller vu schlëmme Bëschfeieren op deene Plazen, wou d'Leit soss am Fong gär an d'Vakanz fueren. Hei am Land sinn d'Felder amgaang ze verdréchnen. D'Baachen dréchnen zum Deel aus, sinn et zum Deel och schonn.

Eng ugespaante Situatioun also. Dat weess och de Paul Galles vun der CSV. Hien ass President vun der Chamber Kommissioun fir Ëmwelt.

Ambitiéis Ziler komme mat grousse Konsequenzen

Am 100,7-Interview ënnersträicht hien, datt elo de Moment ass fir eng méi konsequent Klimapolitik anzefuerderen. Mee hanner där Fuerderung misst och Inhalt kommen an et misst ee sech mat de Konsequenzen auserneesetzen.

“An deen Inhalt, dee spillt sech jo da ronderëm déi Fro of: Wat ass dann elo d’Konsequenz? Also déi Konsequenz kéint jo zum Beispill doranner bestoen, datt ee seet, mir wëlle klimaneutral net bis 2050 sinn, mee bis 2045, oder esouguer nach éischter.”

Esou ambitiéis Ziler hätten natierlech grouss Konsequenzen op déi eenzel Secteuren, betount de Paul Galles.

Ass den Eescht vun der Situatioun nach net iwwerall ukomm?

Hie mierkt och un, datt vill Secteuren, an deene probéiert gëtt eng Energietransitioun duerchzeféieren, nach net esou wäit si wéi ee sech dat wënsche géing.

Zu Lëtzebuerg géing d’Politik am Dialog mat de Secteure stoen. Mee als éischt misst “de Message bei eis an der Politik mol ukommen, datt et elo wierklech dramatesch ass”, seet den CSV-Politiker.

“An ech spieren dee Message net ëmmer iwwerall.”

D’Wëssenschaft hätt scho viru Jore virum Klimawandel a senge Konsequenze gewarnt. Elo wier een um Punkt ukomm, wou alleguer d’Leit d’Konsequenzen dovunner ze spiere kréien, seet de Paul Galles.

“Awer elo ass eeben d'Fro, ob mir als Politiker, als Politik, deen dote Message ophuelen a soen, mir iwwersetzen dat an nei Konsequenzen. An ech hunn dat bis elo net héieren. Also ech hunn et net eraushéieren, datt elo Leit géifen higoen a soen, mir wëllen elo zum Beispill klimaneutral schonn am Joer 2045 sinn.”

De PNEC ass "e gutt Dokument", mee ...

De Paul Galles weist awer och op de PNEC zu Lëtzebuerg hin, de Plan national intégré en matière d'énergie et de climat, dee “gutt probéiert” gëtt, anzehalen, an eng gewëss Sécherheet a soziale Fridde garantéiere géing. Dat dierft op kee Fall a Fro gestallt ginn.

De PNEC gëtt vir, bis 2050 klimaneutral ze sinn. Dat begréisst de Paul Galles. Hie seet awer och, datt een de Plang och méi konsequent hätt kënne gestalten.

“Also de PNEC ass eigentlech e richteg gutt Dokument. Wann ee wëllt higoen an dat elo verschäerfen a soen, mir missten dat elo éischter erreechen, da misst een higoen a mat deene verschiddene Secteuren, déi do definéiert sinn, dann an d'Gespréich goen.”

Mee genee dëst Gespréich misst een elo ufänken, an do ass sech de Paul Galles net sécher, wéini dat sollt geschéien. Misst net d'Regierung dat initiéieren?

D'Schwieregkeet fir d'Regierung: D'Balance fannen

Mee wéi ass d’Positioun vun der Regierung ze bewäerten? Virun e puer Deeg nach huet de Mouvement écologique kritiséiert, datt et effektiv hei am Land nach vill Secteure ginn, déi déi Ziler net erreechen, an datt d’Gesamtbilanz vum Land just wéint dem Tanktourismus esou gutt ass.

D’Regierung hätt et net einfach, gëtt de President vun der Chamberkommissioun fir Ëmwelt zou. De Gesamtkontext mam Krich an no Covid misst a Betruecht gezu ginn. Dee Kontext géing nämlech ekonomeschen Drock ausüben, seet de Paul Galles. Deen Drock misst ausbalancéiert ginn. Heescht: 

“Mir mussen eis Mesurë fir de Klima esou interpretéieren, datt et wirtschaftlech eis net zum Nodeel gëtt. An dat ass eng Balance, déi ass wierklech schwéier ze fannen.”

Perséinlech ass de Paul Galles dofir, der Klimaneutralitéit ëmmer liicht de Virrang ze iwwerloossen. Grad dat rezent Wieder wier e weidere Warnschoss.

Mat där Astellung ass den CSV-Politiker awer éischter d’Ausnam, respektiv ee vun de wéinegen, dee sech iwwerhaapt äussert. Dat wier och een Androck, deen net täusche géing, mengt hien. Och international gekuckt géing ee vu bal kengem Politiker am Moment eppes héieren.

“Engersäits mengen ech, huet et e bësse mam Summerlach ze dinn. Anerersäits huet et zu Lëtzebuerg natierlech och domat ze dinn, datt mir soen, eise PNEC ass eigentlech gutt. Mir sinn on track, zumindest mat deene Krittären, déi mir eis ginn hunn.”

Klima-Sujeten nerven, mee dat muss elo egal sinn

An awer hätt een d’Gefill, datt “mir eis kollektiv an eng Katastroph gesteiert hunn”, seet de Stater Schäffen. Dat iergert hien immens, datt virun 10 Joer nach Leit an der Politik gesot hätten, datt alles guer net esou schlëmm wier.

“Dat do ass just Wieder, Changementer an esou weider. Dat mécht mech enorm, enorm rosen. An ech mengen, datt mir als Mënschen insgesamt, als Gesellschaft an als Mënschheet, heiansdo awer e bëssen och no Verdrängungsmechanisme liewen, wou mir eis virmaachen, et wier alles net esou schlëmm.”

Mee grad dëse Summer géing kloer maachen, datt et schlëmm wier.

Bei de leschte Walen awer nach hat de Paul Galles den Androck, datt d’Leit vum Theema Klima genervt waren. Déi Theeme wiere schwiereg unzepake gewiescht. Dat aktuellt Klima gesäit hien awer als Argument, awer “heiansdo bëssen ze nerven”.

“Well et awer einfach de facto net esou dierf sinn, datt mir eis Gesellschaft, eis Natur, datt mir alles eigentlech verbrenne loossen oder ausdréchne loossen. A mir sëtzen eeben do a mir kucken där Saach just no.”

De Premier Luc Frieden sot nach am Ufank vu sengem Mandat, et wéilt ee keng Klimapolitik maachen, déi nervt. Hie muss dat Verspriechen also eventuell änneren.

Lauschterenplay_arrow