Mam neie Format "Saisons-Info" wëllt den Ëmweltministère fir den Ufank vun all Joreszäit geziilt iwwer déi saisonal Risiken an d'Méiglechkeete fir dech dorop virzebereeden informéieren.
Risk vun Iwwerschwemmunge klëmmt
Datt d’Waasserstänn aktuell niddereg sinn heescht net, datt Héichwaasser an dëse Woche komplett ausgeschloss wier, am Géigendeel. Well de Buedem nom dréchene Summer vill Reen op eemol méi schlecht ophuele kann, leeft d’Waasser méi séier iwwer d’Uewerfläch of, erkläert den Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV).
"Mir riskéiere Momenter ze kréien, wou vill Ree beienee kënnt, wierklech ganz vill beieneen. Dat sinn da Staarkreenphenomeener, wou net nëmme Baachen a Flëss kënne klammen, mee d’Waasser duerch d'Stroosse ka goen an zu Iwwerschwemmungen an den Haiser féieren.“
Fir sech besser dogéint ze schützen, kënne Proprietäre finanziell Hëllefe vum Staat kréien, gouf de Moie rappeléiert. Bis zu 75 Prozent vun den eligibele Käschte kënnen iwwerholl ginn: bei engem Eefamilljenhaus bis maximal 20.000 Euro.
Buedem ze dréche fir vill Waasser opzehuelen
D’Situatioun vun de Baachen a Flëss bleift op ville Plazen ugespaant. Fir datt déi sech no der laanger Dréchent nohalteg verbessert, géife kuerz Schauere wéi se dëser Deeg erofkommen, net duergoen, erkläert de Christophe Gilbertz aus der Unitéit vun de Flëssleef vun der Waasserverwaltung.
"Wat elo wierklech néideg wier, wier e kontinuéierlechen, awer och gemittleche Reen, esou datt d’Waasser an de Buedem infiltréiere kann. Well de Buedem, aus deem d’Waasser an d’Baache geet, dee Reen, deen elo fält, en direkt Uewerflächenoflaf ass, séier duerch d’Baachen ofleeft an da kënnt u sech och näischt méi no.“
Wéi aussergewéinlech dëse Summer war, weisen och d’Zuelen: Et si 37 Prozent manner Nidderschléi gefall wéi am Duerchschnëtt vun de Joren 1991 bis 2020. Fir d’Leit besser iwwer d’Situatioun ze informéieren, gouf haut och déi iwwerschaffte Versioun vum Internetsite “inondations.lu” presentéiert. Do kënnen d’Bierger ënner anerem d’Pegelstänn, Previsiounen an aktuell Warnunge spezifesch fir hir Regioun suivéieren.