National

Finnesche President op Visitt zu Lëtzebuerg: Russland wéilt Leit a Panik versetzen

Lëtzebuerg a Finnland wëllen an der Sécherheets- a Verdeedegungspolitik méi enk zesummeschaffen. Dat hunn de Premier Luc Frieden an de finnesche President Alexander Stubb am Kader vun der finnescher Staatsvisitt betount. Theema war och d'Lëtzebuerger Positioun bei den EU-Sanktioune géint Russland.

auto_stories

2 min

Alexander Stubb, Luc Frieden  | © Sophie Schroeder
Alexander Stubb, Luc Frieden (Foto: Sophie Schroeder)

Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher stoung virun allem d'Sécherheetslag an Europa. De finnesche President warnt virun ëmmer méi riskante russeschen Hybridattacken. Europa misst sech dogéint wieren, ouni awer an d'Logik vu Russland ze verfalen.

“De Grond, firwat ech dozou opruffen, roueg ze bleiwen, ass, datt en Hybridkrich d’Zil huet, sech an eise Käpp festzesetzen an d’Leit am Westen a Panik ze versetzen. Dofir muss eis Reaktioun ëmmer roueg a kontrolléiert sinn.“

But wier Demokratien ze destabiliséieren

D'Zil vun der russescher Krichsféierung, spréch hiren hybriden Attacken an Desinformatiouns-Campagnen, wier et déi westlech Demokratien ze destabiliséieren. Eng honnertprozenteg Protektioun géint esou Attacke wier net méiglech, mengt den Alexander Stubb. Europa misst dofir resilient a virbereet sinn. De Luc Frieden gesäit d'Äntwert an enger méi staark Europäesch Unioun an NATO. 

„E staarkt Europa, och am Beräich vun der Sécherheet an der Verdeedegung, an eng staark transatlantesch Allianz an der NATO – dat ass, mengen ech, déi richteg Äntwert. Mir sollen net Angscht hunn, mee resilient sinn a prett sinn op dat, wat als Nächst komme kéint.“

Diskutéiert gouf och iwwer d'EU-Sanktioune géint Russland. Den Alexander Stubb geséich an dem Sträichen vun eenzelne Persounen vun der EU-Sanktiounslëscht keen Zeeche fir eng Krichsmiddegkeet an Europa.

Sanktioune weider oprecht erhalen 

Rezent gouf jo ënnert anerem de russeschen Oligarchen Mikail Friedman op Lëtzebuerger Initiativ vun där Lëscht erofgeholl.

Vun engem Lëtzebuerger Veto géint d'Verlängerung vun de Sanktioune kéint keng Ried sinn, huet de Luc Frieden verséchert. National Interesse géifen an esou Verhandlungen zwar eng Roll spillen. Insgesamt misst d'EU den Drock op Russland awer weider héich halen.

“A mir maache Russland weider Drock, fir nees un de Verhandlungsdësch ze kommen”

Nieft der Sécherheet wëlle Lëtzebuerg a Finnland och bei Zukunftstechnologië méi enk zesummeschaffen. Konkret geet et ëm Satellitten a Weltraumtechnologie, kënschtlech Intelligenz an déi national Resilienz.

De Premier an de finnesche President hunn och d'Satellittegesellschaft SES besicht.