Klima

Canicule an der Klinick: Wat ass schif gelaf a wéi kéint een et besser maachen?

Den OGBL kritiséiert, datt an de Klinicken déi héich Temperature relativ schlecht geréiert gi wieren. Dobäi soll de Plan Canicule, eigentlech dofir suergen, datt d’Hëtzt de Patienten an dem Personal, net ze vill zousetzt. De Problem wier awer och de Manktem u Klimaanlagen.

auto_stories

2 min

© picture alliance
(Foto: picture alliance)

Zënter Mee gouf et scho véier Hëtztwellen.De Ben Soisson vum OGBL seet, d'Gebaier wieren net wierklech op d’Hëtzt ausgeriicht. Virun allem wat d’Klimatiséieren ugeet, wier nach vill Sputt no uewen.

Grad a Klinicken, wier et wichteg de Patient:innen gekillte Räim zur Verfügung ze stellen. A verschiddene Servicer, wiere wärend de Canicullen, iwwer 30 Grad dobanne gemooss ginn, esou de Ben Soisson vum OGBL. 

Keng flächendeckend Klimaanlagen

Keng Klinick zu Lëtzebuerg huet flächendeckend Klimaanlagen. An de meeschte Gebaier si just d’Reha an d’Operatiounssäll klimatiséiert.

Als Léisung goufe mobil Klimaanlagen a Ventilatore bestallt, déi awer deelweis net an den Zëmmeren installéiert konnte ginn. Dofir goufen se ënner anerem an d’Gäng gestallt wou se manner effikass wieren, kritiséiert de Ben Soisson.

"Anere System wier méi effikass"

Eng flächendeckend Installatioun vu Klimaanlage wier awer net realistesch, argumentéiert de Guy Berchem, medezineschen Direkter am CHL.  

"Elo richteg klimatiséieren, esou wéi mir et verstinn, wann een an de Supermarché geet. Dat ass net méiglech. An ech mengen dat ass och net gutt. Mee wat gemaach gëtt, dat ass, dass déi Killunge vill méi effikass sinn."

Fir d’Temperaturen an de Klinicken ze regléiere gesäit de Guy Berchem en anere System als méi gëeegent. Hien plädéiert fir e Killsystem, dee mat kalem Waasser fonctionéiert, dat iwwer Réier am Plaffong leeft. 

"Dat hëlleft awer och scho vill. Also déi Deeler vun der Klinick ass et eigentlech net néideg, fir elo nach Klimaanlagen ze setzen."

An dem Deel vum CHL dee grad gebaut gëtt géing dëse System nach méi effektiv integréiert ginn.

Plan Canicule

De Plan Canicule an de Klinicke ass an dräi Phasen opgedeelt. Déi drëtt Phas, déi Enn réischt dëse Juni ausgeruff gouf, trëtt a wann d’Dagestemperatur dräi Deeg hannertenee 35 Grad erreecht, an an der Nuecht net ënner 23 Grad fält.

Fir déi Situatiounen ass eng heefeg Waasserversuergung vu Patienten, Personal a Visiteure virgesinn . Ausserdeem war dat de Moment wou ee mobil Killanlage verdeelt huet. Ob Persounen ënner sechs an iwwer 75 Joer gëtt dann och besonnesch opgepasst.