USA/Oman

US-President Donald Trump dreet dem Oman mat Bombardementer, Tierkei mëscht sech an

Den US-President Donald Trump huet domat gedreet, den Oman ze bombardéiere wann d‘Land sech an de Wee vun de Verhandlungen tëschent den USA an dem Iran géif stellen. D‘USA an den Oman hu separat mat Teheran verhandelt fir de Mierespassage vun Hormus nees fir de Schëfftransport opzemaachen.

auto_stories

1 min

© EPA/SAUL LOEB
(Foto: EPA/SAUL LOEB)

Gëschter haten iranesch Offizieller gemellt, datt si no dru wiere fir en Accord mam Oman ze finaliséieren. Gläichzäiteg ass gëschter de sougenannte Memorandum of Understanding tëschent den USA an dem Iran no 60 Deeg ofgelaf.

Den Donald Trump sot op Fox News, sollt den Oman sech den USA an d‘Féiss stellen, géif een en a Grond a Buedem bombardéieren, esou den Trump géintiwwer Fox News.

Tierkei fuerdert d'USA op, no Léisungen ze sichen

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet den US-President opgefuerdert, weider no enger diplomatescher Léisung am Konflikt mam Iran ze sichen. An engem Telefonsgespréich mam Donald Trump hätt hien d‘Bedeitung vun der Diplomatie ënnerstrach, an him gesot, datt hien hofft, datt d‘Verhandlunge mam Iran geschwë weidergefouert ginn. D‘Tierkei géif déi Friddensbeméiungen ënnerstëtzen.

De Kaderaccord tëschent dem Iran an den USA vu Mëtt Juni, ass an Tëschenzäit ofgelaf. Deen huet eng Wafferou an d‘Reouverture vun der Mieresstrooss vun Hormus virgesinn, a bannent 60 Deeg sollte weider Detailer gekläert ginn, och iwwer den iraneschen Atomprogramm. Deen Delai ass ofgelaf, mee Fortschrëtter goufen et keng.

Den Oman ass en Alliéierte vun den USA an ass fir den Ament keng aktiv Krichspartei.