An der Virbereedung op Canicullen, wier Esch eigentlech guer net schlecht opgestallt, huet de Gemengerotsmember vun déi Lénk festgestallt.
Déi Lénk fuerderen e Wärmekadaster
Als Preparatioun fir Esch an de nächste Joren op extreem Hëtzt virzebereeden huet de Marc Baum en thermesche Kadaster vun alle Wunnengen zu Esch gefuerdert. Dat wier eng gewoten Iddi déi net sou einfach ze realiséiere wier, huet hie selwer zouginn.
"Dat ass - ech weess, de Buergermeeschter kuckt mech direkt wéi wann ech se net méi all hätt - zumindest ze iwwerpréiwen a wéi wäit dat eventuell méiglech wier, fir esou e Wärmekadaster vun de Wunnengen ze erstellen."
Dem CSV-Buergermeeschter Christian Weis no, hätt d’Stad Esch hir Hausaufgabe bei der Upassung u grouss Hëtzt gemaach.
"Dir sot Esch ass guer net schlecht. Ech mengen, datt ee roueg ka soen, datt Esch relativ gutt opgestallt ass, och transversal duerch d'Servicer an datt mer deelweis deenen anere Gemengen e gutt Stéck viraus sinn."
Verbesserunge wieren awer ëmmer méiglech zum Beispill bei der Informatioun vun de Bierger, esou de Buergermeeschter.
Kee schoulfräi wier déi richteg Decisioun gewiescht esou d'LSAP
Beim Klimawandel géif et och eng kommunal Responsabilitéit ginn, huet de Marc Baum ënnerstrach. Néideg wier zum Beispill d’Iwwerwaachung vun den Temperaturen an den ëffentleche Gebaier zu Esch, dorënner an de Schoulen.
Datt d'Schoulen zu Esch bei der grousser Hëtzt am Juni an am Juli opbliwwe wieren, wier eng wichteg Decisioun gewiescht, esou de Gemengerotsmember vun déi Lénk, Marc Baum.
"D’Fro bleift awer, wann dat de Fall ass, da mengen ech muss een den Enseignanten och wierklech eppes zur Hand ginn, datt se wësse wéi se mat esou Situatioune kënnen ëmginn."
Den LSAP-Gemengerotsmember Sacha Pulli huet gesot, datt et keng Léisung kéint sinn, bei Hëtztwelle generell schoulfräi ze ginn.
déi gréng sinn erstaunt iwwer d'Positioun vun der LSAP
De Schäfferot misst trotzdeem selbstkritesch sinn. Wärend der Hëtztperiod wier a sengen A mat der Gesondheet vun de Kanner gespillt ginn.
"E franséischt Institut huet nämlech drop higewisen, datt bei Temperature vu méi wéi 30 Grad, datt dat seriö Gesondheetsrisikoen duerstellen, och fir Kanner, déi keng Virerkrankungen hunn."
De grénge Gemengerotsmember a fréiere Schäffe Meris Sehovic huet sech erstaunt iwwer d’Positioun vun der LSAP gewisen.
"Dispens heescht aus engem ëffentleche Problem e private Problem ze maachen. An dat fannen ech inakzeptabel."
Schoulfräi ze gi wier déi einfach Léisung, déi vill Gemenge gewielt hätten, esou de Meris Sehovic.
Kritik u Gemengen an um Educatiounsministère
Hie géif och d'Kritik vum lénke Gemengerotsmember Marc Baum deelen, datt den Educatiounsministère sech aus der Verantwortung gezunn hätt.
Ë.a. de Meris Sehovic huet donieft den ADR-Vertrieder am Escher Gemengerot schaarf kritiséiert: de Bernard Schmit hat an der Sitzung doru gezweifelt, datt de Mënsch fir de Klimawandel responsabel ass.
Wiessel bei der CSV
Als neie Member vum Gemengerot vereedegt gouf de Moien d’Sarah Moreira vun der CSV: si ersetzt den André Zwally, deen op den 30. September no 24 Joer aus dem Gemengerot zréckgetruede war.