70 Deeg Debatte fänken haut un. Um Enn soll e Budget stoen, dee 54 Milliarden Euro aspuert an de Staatsdefizit esou vun aktuell 5,4 Prozent vum PIB op 5 Prozent erofbréngt.
Vill Kierzunge virgesinn
Manner Hëllef beim Logement, keng Upassung vum Kannergeld, och d’Pensiounen iwwer 2.000 Euro ginn net indexéiert. Medikamenter solle manner rembourséiert ginn, héich Revenuen dofir weiderhi méi héich besteiert ginn, an och beim Staat selwer soll massiv gespuert ginn.
Iwwer 1.000 Fonctionnaires-Plaze kéinte gestrach ginn.
Dat sinn e puer vun de Mesuren, déi d’Regierung proposéiert. D’Oppositioun huet fir dës Pläng wéineg iwwreg.
E Freideg war de Budget an der Finanzkommissioun mat 31 Nee-Stëmme géint nëmmen dräi Jo-Stëmmen zeréckgewise ginn. D’Sozialisten iwwerleeë schonn, e Rejet préalable anzereechen, fir ze verhënneren, datt et iwwerhaapt zu enger Debatt kënnt.
Regierung kéint vum Artikel 49.3 Gebrauch maachen
Och Mësstrauensvotte goufe vu quasi allen Oppositiounsparteien an Aussiicht gestallt.
Ouni Majoritéit an ouni Allianze bleift der Regierung wuel just de Wee iwwer den ëmstriddenen Artikel 49.3, fir de Budget ouni Ofstëmmung duerchzedrécken, oder iwwer sougenannt Ordonnancen, wat eng Première an der Fënnefter Republik wier. A béide Fäll géif d’Regierung wuel direkt duerno gestierzt ginn.
Esou oder esou wäert de Budget net laang halen. No de Presidentschaftswalen am Mee an de Parlamentswale wäert déi nei Regierung wuel e Budget rectificatif opstellen.
Manifestatioune gi weider
Parallel ginn haut nees d'Lycéesschüler:innen op d'Stroosse fir de sougenannte Fënneften Akt vun de Protester.
Viru ronn engem Mount hunn d'Schüler:innen ugefaangen ze manifestéieren. Dat ënner anerem, well net genuch Léierpersonal do ass, d'Infrastrukture vun hire Schoulen an engem ganz schlechten Zoustand sinn, an d'Bildung an hiren Aen net seriö genuch geholl gëtt vun der Regierung.
D'Mesuren, déi d'Regierung ugekënnegt huet, ënner anerem 3.000 nei Enseignanten, ginn de Studentenorganisatiounen net duer.
Och aner Gewerkschafte schléisse sech grad der Protestwell un a ruffen zu engem Streik op, deen iwwer den Educatiounsberäich erausgeet.