De Jubiläum vun dësem Sonnden:
Dem Dmitri Schostakowitsch säin éischten Cellosconcerto gëlt als ee vun de schwéierste Concertsstécker fir Cello. De Mstislaw Rostropowitsch, deem de Concerto gewidmet war, huet en allerdéngs a just 4 Deeg auswenneg geléiert. Hien huet d'Wierk de 4. Oktober 1959 am Leningrader Conservatoire uropgefouert.
Eise Plackespiller vun dëser Woch:
Vu verspillte Kanner-a Kinosmelodien, iwwer Crossover Klassik bis hin zu traditionelle Landesmuseken - Philharmonix huet op hirem neien Album "Sandbox - Vol. 5" quasi eng eenzeg Reegel. An zwar déi, datt et keng Reegele ginn! Si brénge Mozart, Schubert an Debussy grad esou op deen heiten Album wéi Beatles, Star Wars an d’Pippi Langstrumpf.