1. Nodeems de Michail Fridman vun der EU-Sanktiounslëscht gestrach gouf, ass nach ëmmer net gewosst, ob de russeschen Oligarch seng juristesch Démarchë géint Lëtzebuerg stoppt. Dat war de Moien e Sujet an enger Sëtzung vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.
2. Geet et dee vum US-President Donald Trump ugekënnegte Waffestëllstand a Saachen Energieinfrastrukturen tëscht der Ukrain a Russland? Wa jo, dann ënnerstëtzt d’EU en, huet et de Moie bei enger Réunioun vun den EU-Ausseministeren um Kierchbierg geheescht.
3. An Däitschland trëtt d’SPD-Aarbechtsministesch a -Parteipresidentin Bärbel Bas vu béide Posten zréck. Wahrscheinlechen Nofolger ass de fréiere Rheinland-pfälzesche Ministerpresident Alexander Schweitzer.