1. D’BIL kéint an den nächste Méint en neie Besëtzer kréien. Op alle Fall mécht de chineseschen Investmentgrupp Legend Holdings elo eescht mam Verkaf vu senge Parten: En europäeschen Institut oder een aus dem Mëttleren Oste kéint iwwerhuelen.
2. Saint-Pierre-et-Miquelon wär franséisch, dat wär eng Evidenz: Dat sot de President Emmanuel Macron virun enger Visite am franséischen Iwwerséigebitt. Op enger Kaart vum Donald Trump hat dat e bëssen anescht ausgesinn.
3. Bierchem kënnt am europäeschen Hären-Handball eng Ronn virun, Esch kéint haut nozéien, an d’Victoire am Tour de Luxembourg am Cyclissem ass dem Italiener Davide Piganzoli wuel net méi ze huelen: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.