1. D‘Steierreform soll Enn Oktober duerch d‘Chamber goen an Ufank 2028 a Kraaft trieden, obwuel d‘Oppositioun nach Ännerungen um Text wëllt
2. Projet ALPHA: den SEW/OGBL mécht sech Suerge well dee Projet nach net praxistauglech wier
3. Bal 600 Kanner hu fir d’Rentrée keng Plaz an de maisons Relaisen an der Stad kritt a stinn op enger Waardelëscht
4. Nodeems d‘lescht Nuecht eng russesch Dron un der polnescher Grenz ageschloe war, hunn NATO-Kampfjetten hënt eng Dron iwwer Litauen ofgeschoss
5. Haut kënnt de Weltsécherheetsrot zesumme fir iwwert d‘Situatioun am Jemen, ronderëm de Mierespassage Bab al-Mandab ze diskutéieren