1. Lëtzebuerg steet eng ganz hëtzeg Woch ronderëm Nationalfeierdag an d’Haus. Temperature vu bis zu 35 Grad am Nomëtte brénge mat sech, dass dann an enger Rëtsch Grondschoule keng Course sinn.
2. D’Deeg vum Keir Starmer als britesche Premier si gezielt. De Moien huet de Regierungschef nämlech säi Récktrëtt annoncéiert; Successeur dierft de grad zum Deputéierte gewieltenen Andy Burnham ginn.
3. Op der Fussball-WM an den USA, Mexiko a Kanada steet de Cap-Vert och no senger zweeter Partie weider ouni Néierlag do. Den Owend hunn d’Matfavoriten Argentinien a Frankräich dann hiren zweeten Optrëtt.