Et ass eng Situatioun déi der bestëmmt alleguerte kennt, der sidd oder besser der stitt op der Autobunn am Stau, wat hei zu Lëtzebuerg ausser an der Vakanzenzäit, moies an owes en Dauerzoustand ass. Der stuerkt op den Auto virun Iech, d’Bremsluuchte blénke schéi rout, et steet alles an et geet a geet a geet net weider. Op emol kuckt der dann eriwwer op déi aner Spuer op der Autobunn an do rullt et op emol. An domadder si mer da beim Jean Claude Majerus senger gudder Fro vun haut. Firwat leeft de Verkéier op der Spuer niewendrun ëmmer besser wéi op där Säit wou der am Stau stitt?
Wann der nächste Kéier am Stau stitt dann otemt e puer Mol ganz déif. Lauschtert e bësse Musek an sot iech einfach de Stau ass just eng optesch Illusioun mä bleift am beschten op ärer Spuer an esou fuert der gemittlech ärer Destinatioun entgéint.
E Méindeg dann bei der nächster Ronn an eiser Rubrik Gutt Fro, freet de Jean Claude Majerus Firwat déi franséisch Nationalhymne iwwerhaapt „la Marseillaise“ heescht?