Vill Gléck am neie Joer! Dee Saz wäert een haut op Mëtternuecht an och muer nawell dacks héieren. Ma et gëtt eppes wat dir maache kennt fir nach eng extra Portioun Gléck ze hunn am Joer 2026: 12 Drauwen haut op Mëtternuecht iessen!
Dës Traditioun geet zeréck an d’1880er Joren zu Madrid. Och nach hautdesdaags sëtze vill Familljen a Spuenien a Latäinamerika zesumme virun der Tëlee, fir d’Live-Iwwerdroung vun der berüümter Auer ze kucken, an um Mëtternuecht probéieren si dann 12 Drauwen an 12 Sekonnen ze schlécken – also schonn ee klenge Challenge.
D’Iddi dohannert ass datt all eenzel Drauf fir ee Mount vum neie Joer steet. Wien et d fäerdeg bréngt, all Drauwe virum leschte Schlo vun der Auer ze iessen, dee soll da vill Wuelstand a Gléck am nächste Joer hunn.
A wéi bei sou ville Saachen hautdesdaags, hu Leit op TikTok aus dëser Traditioun een Trend gemaach, awer mat engem klengen Twist!
12 Drauwen op Silvester fir Gléck?
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
(Foto: Unsplash / Joshua Hoehne)
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Den Nationalarchiv plënnert
Wie scho mol geplënnert ass weess, wat fir en Opwand esou eng Plënner ass. Mee stellt Iech mol vir, Dir musst dat ganzt Nationalarchiv plënneren, mat iwwer 50 km Dokumenter!
Fiasko Fest mam Ben Bauler
Villes war net esou geplangt.
Am Mudam gëtt eng Woch laang 20. Gebuertsdag gefeiert
Fräien Entrée plus spezielle Gebuertsdagsprogramm am Pei-Musée
Optakt vun den Open Air Concerte vum Atelier
13 Concerte kann ee wärend den nächsten zwou Woche bei der Luxexpo an an der Abtei Neimënster lauschteren. De Michel Welter vum Atelier gëtt en Abléck an d'Organisatioun.
Lëtzebuerger Fussball-Fan op der WM: Top oder Flopp?
Ze deier Ticketen, eidel Stadien a keng richteg WM-Stëmmung waren e puer vun de Virwërf virum Start vun der WM. Mee entsprécht dat och deem, wat Fans an den USA erliewen?
Stresstest: Wier et zu Lëtzebuerg méiglech d'Demokratie auszehiewelen?
Mat engem Demokratie-Stresstest wëllt d’Cellule scientifique vun der Chamber erausfannen, awéiwäit d'Institutioune géint eventuell autoritär Tendenze preparéiert wieren.
Fiasko Fest mam Julie Costa
D’Julie Costa ass komesch, esou bezeechent d’Chargée de communication an Creatrice vu "Luxemburg does it best" sech selwer.
Ingeborg Bachmann: Méi wéi just eng grouss Lyrikerin
De Jérôme Jaminet, Vizepresident vum Lëtzebuerger Germanisteverband, schwätzt iwwer déi vill Facettë vun der Schrëftstellerin, déi haut virun 100 Joer op d'Welt koum.
Muppe leiden ënner der Hëtzt - Gaasperecher Déierenasyl disponéiert ëm
60 Muppe waarden am Gaasperecher Déierenasyl op eng nei Famill. Well d'Hëtztwell Muppe besonnesch ze schafe mécht, passt d'Personal den Aarbechtsalldag an der Canicule un.
Fiasko Fest - Liz Braz
Et geet natierlech ëm d'Politik, awer och ëm e Stalker an een Owend aus dem Joer 2019, bei deem si sech nach un alles erënnere kann.
Nationalfeierdag - Just zu Lëtzebuerg ee grousst Fest?
Hunn och aner Länner esou een Nationalfeierdag-Programm wéi Lëtzebuerg? Oder sti vläicht aner Deeg méi grouss am Fokus? Mir huele mol Nordmazedonien ënner d'Lupp.
Eng méi liicht Sprooch fir administrativ Texter
Den ZLS (Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch) gëtt e Guide eraus fir eng méi "liicht" Lëtzebuerger Sprooch.
Zweemol Gold, eemol Sëlwer an eemol Bronze
Mat engem beandrockende Medailespigel koumen d’Lëtzebuerger vun der Weltmeeschterschaft am Sportkeelen zu Langenfeld an Däitschland Mëtt Mee heem.
D'Rousenzuucht zu Lëtzebuerg
Eng Austellung am Park Central um Kierchbierg
Wann d'Grenz d'Doheem geréckelt huet ...
4 Invitéen aus Albanien hat de Cédric Reichel am aktuellen Episod a seng Emissioiun "Fënster op" invitéiert
Edwin Aldin
Heiansdo deet et wéi: aus der eegener Band geflunn, kuerz virun engem EP-Release
Ouer op
Nei am Kino
Neies vum Banksy
Zu London gëtt et nei Konscht vum Street Art Kënschtler
Bee Secure
Ecranen doheem: wéi Famillen eng gutt Balance fannen - mat klore Reegelen no Alter.