Léiert de Martin Rajna elo scho kennen. Den néngten a jéngste Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker huet am Opus Interview no der éischter Tutti-Prouf virgëschter verroden, wéi d’Chimie ass a wat fir dësen Optrëtt musikalesch geplangt ass. An dësem Gespréich hate mir och d’Méiglechkeet fir den 31 Joer jonken ungareschen Dirigent bësse besser kennen ze léieren.
Den Opus iwwerdréit dem Martin Rajna säin Amtsuntrëttsconcert live aus der Philharmonie, haut den Owend um hallwer 8.