An de leschte Wochen hat d’Ekipp vum Mudam scho verschidde speziell Aktioune lancéiert: esou huet si ënner dem Motto “Dodeka” zwielef Wierker aus der Mudam-Kollektioun an zwielef Kulturzenteren, Administratiounen an och Kierchen uechtert d'Land transportéiert, fir d’Sammlung méi no bei d’Leit ze bréngen. A firwat? Mee, als Gebuertsdagscadeau: gëschter viru ronn 20 Joer, also den 1. Juli 2006, ass de Pei-Musée um Kierchbierg opgaangen. An dat gëtt dës ganz Woch grouss gefeiert. Éier mir mat der aktueller Mudam-Directrice Bettina Steinbrügge schwätzen, geet d’Kerstin Thalau op de Stellewäert vum Musée an, an natierlech och op seng beweegte Geschicht. An dozou gehéiert déi éischt Mudam-Directrice, d’Marie-Claude Beaud.
Am Mudam gëtt eng Woch laang 20. Gebuertsdag gefeiert
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
(Foto: Only Fabrizio - stock.adobe.com)
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
Wat sinn d'Risiken am Gesondheetssecteur?
Virun allem Cyberugrëff, de Manktem u Ressourcen an Ëmwelt-Facteure wiere Risike fir de Gesondheetssecteur hei. Zu där Conclusioun kënnt eng Etüd vun der FHL.
Schülerprotester: Wéi ass d'Situatioun zu Metz?
Mir schalte live op d'Plaz fir eis e Bild vun der Situatioun ze maachen.
Firwat ginn et grad elo Neiwalen a Spuenien?
Mir froen eis Korrespondentin Aurélie Chamerois.
UNEL solidariséiert sech mat Protest vu Schüler:innen a Frankräich
Studenten-Unioun kritiséiert Gewalt a warnt virun enger Delegitimiséierung vun der Protestbeweegung
Filmtipp: "Naza"
D'Thes vun dësem brisanten Documentaire: déi israelesch Arméi huet an der Gazasträif geziilt Zivilisten ëmbruecht.
No zwou Defaiten: Wat ass den Owend vun de Roude Léiwen ze erwaarden?
Am Stade de Luxembourg geet et haut nach eng Kéier géint Bulgarien. Mir schwätze virdru mat eisem Expert Roland Schaack.
Just an dräi Gemengen hunn d'Kanner och samschdes Schoul
Fir d’Schoulkanner vu Géisdref, Parc Housen a Pëtschent ass de Stonneplang e bëssen anescht wéi am Rescht vum Land: Si ginn och samschdes an d'Schoul.
Pascal Bermes: Schäffen a Lycéesdirekter
De Pascal Bermes (CSV) ass eent vun dräi neie Gesiichter am Escher Schäfferot. Als Direkter vum LGE preparéiert hie grad d'Feierlechkeete fir den 125. Anniversaire d'nächst Joer.
Virwërf géint Amazon: Wéi reagéiert d'ITM?
E Mataarbechter huet sech anonym bei der Gewerbeinspektioun wéinst Verstéiss géint d'Aarbechtsrecht beklot. Wat kann d'ITM do maachen? Froen un hiren Direkter Marco Boly.
Wie verlount zu Lëtzebuerg?
Den Observatoire de l'habitat huet déi finanziell a wirtschaftlech Situatioun vun de Bailleuren ënnert d'Lupp geholl. D'Christiane Kleer huet e puer Constaten erausgepickt.
Dréchent: 15 bis 20 Prozent finanziell Aboussen um Mäerterter Hafen
Dee Chiffer nennt den Direkter vu Luxport, Gilles Braquet. Den Ament gëtt e groussen Deel vum Wuerentransport op Strooss a Bunn verlagert.
Broch vu Finanzreegelen: Dreet Manchester City elo den Zwangsofstieg?
Den englesche Fussballclub kritt virgehäit, systematesch Finanzreegele gebrach ze hunn. Dat kéint fir den 10-fachen englesche Champion elo grave Konsequenzen hunn.
Zu Schieren geet en neit Wandrad un d'Netz
Domat klëmmt d'Zuel vun Eoliennen am Land op 78, vun deenen déi allermeescht vun der Entreprise Soler bedriwwe ginn. Hiren Direkter Paul Zeimet gëtt Explikatiounen.
Return-hubs an neie Krise-Mechanismus: Wat seet Lëtzebuerg dozou?
D'EU denkt iwwer en neie Migratiouns-Mechanismus fir Krisefäll no. D'EU-Innenminister, dorënner de Léon Gloden, hunn eng éischte Kéier doriwwer diskutéiert.
Den Amtsuntrëtt vum Martin Rajna – den Opus ass live dobäi
Den 31 Joer alen ungareschen Dirigent Martin Rajna dirigéiert haut den Owend um hallwer 8 säin éischte Concert als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.
Kritik un EU-Decisioun iwwer russesch Oligarche Fridman an Ousmanov
D’Sträiche vun zwee russeschen Oligarche vun der Lëscht vun den EU-Sanktioune géif déi europäesch Sanktiounspolitik ofschwächen, seet de letteschen EU-Deputéierten Ivars Ijabs.
Dréchene Summer: Waasserstänn nach ëmmer aussergewéinlech niddereg
D’Waasserverwaltung warnt viru weidere Follge fir Baachen, Flëss an d’Gewässerökologie
E kritesche Bléck op d'Lëtzebuerger Baukultur
E Gespréich mam Architekt Christian Bauer, dem éischte Lauréat vum Lëtzebuerger Architekturpräis, deen am Juni fir säi Liewenswierk ausgezeechent ginn ass.
Zënshausse: Wat bedeit dat fir d'Clienten?
D’Spuerkeess erhéicht op den Dag vun haut hir Zënsen ëm ee Véirel, also ëm 0,25 Prozent. Wat bedeit dat fir d'Clienten? Froen un de Claude Hirtzig vun der BCEE.