Mat engem Demokratie-Stresstest wëllt d’Cellule scientifique vun der Chamber erausfannen, awéiwäit d'Institutioune géint eventuell autoritär Tendenze preparéiert wieren.
Viru Kuerzem goufen d’Resultater vum éischten Deel vun dësem Stresstest den Deputéierten aus de Chamberkommissioune vun den Institutiounen, vun der Justiz a vun den Affaires étrangères presentéiert. De Constat vun en Experten: Jo, et ginn eng Partie "Garde-fouen", déi d’Demokratie schützen – mee se hunn hir Limitten.