De Venant Arend huet um Grammophon vu sengem Papp scho fréi grouss Tenoren, wéi den Enrico Caruso, héiere sangen. Dat huet hien esou faszinéiert, datt hie sech mat 15 Joer entscheet huet spéider Sänger ze ginn.
Op Rot vu sengem Papp huet hien awer fir Schoulmeeschter geléiert an hien huet och 36 Joer laang zu Tënten Schoul gehalen. An der Normalschoul, wou d’Léierpersonal ausgebilt gouf, war hien a Kontakt mam Edmond Cigrang, dee vill Wäert op d’Sange geluecht huet. An et war och hien, deen de Venant Arend encouragéiert huet fir Gesang ze maachen. Am Stater Conservatoire huet hie Course beim Nicolas Schuh geholl a parallel dozou zu Metz am Conservatoire beim Georges Génin.
Als Member vum Vokalensembel “Onst Lidd“ huet de Venant Arend mat der Béby Kohl-Thommes an dem Laurent Koster gesongen. Donieft ass hien och mat der Josette Doemer an der Marie-Jeanne Klein opgetrueden. Um Piano begleet gouf hie vun der Lou Koster, der Erna Hennicot-Schoepges, der Jeannette Braun-Giampellegrini an och vum Jean-Pierre Kemmer. Säi Repertoire huet sech dobäi awer net nëmmen op de Lëtzebuerger Repertoire beschränkt.
De Venant Arend huet eis Opname vun Honnerte Lidder hannerlooss, déi hien alleguerten a senger aktiver Zäit als Sänger vun den 1960er bis an d‘90er Joren eran opgeholl huet.