Honnertdausende vu Leit hunn dem John Maia seng Videoen op Social Media gesinn. Trotz dëse beandrockenden Zuelen huet de Pianist Schwieregkeeten eng Bün ze fannen, wou hien optriede kann.
Fir hien ass dat en typesche Problem vun der Klassik hei am Land: Wann een net grad den traditionelle Wee vum Conservatoire gaangen ass, huet ee keng Kontakter. An ouni Recommandatioun bleiwen engem d'Diere vun Agencen a vun de Concertssäll zou. Mee den John Maia gëtt net op: virun e puer Méint huet hien e Crowdfunding gestart a mam Erléis organiséiert hie säin alleréischte Concert, live op YouTube.