De Freideg den Owend um 8 Auer iwwerdroe mir hei um Opus e Live-Concert aus dem grousse Sendesaal am Funkhaus Halberg. D'Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken/Kaiserslautern spillt Programmmusek, déi duerch d'Natur féiert. Dem Beethoven seng “Pastoral” gëtt an der Museksgeschicht als ee vun den éischte Versich ugesi fir Programmmusek ze schreiwen. Och d'Wierker vum Italieener Pasquale Punzo a vum Australier Brett Dean invitéieren op eng klanglech Rees duerch d'Natur. Bei engem vun deene Wierker bleift d'Idyll allerdéngs net intakt ...
De Programm vum Klassik Live, den 19. Juni 2026 um 20h00:
Pasquale Punzo (*1987): Archipelaghi insonni (2025/2026, Uropféierung)
Brett Dean (*1961): Pastoral Symphony (2000)
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sinfonie Nr. 6 "Pastorale"