Pour la fin du temps ass den Titel vum nächste Concert vum Cellist Jean-Guihen Queyras, deen den 20. Mee um hallwer 8 an der Salle de Musique de Chambre vun der Philharmonie ass. Zesumme mam Jörg Widmann op der Klarinett, der Isabelle Faust op der Gei an dem Pierre-Laurent Aimard um Piano, gëtt ënner anerem dem Olivier Messiaen säi Quatuor pour la fin du temps opgefouert. D’Marie Trussart huet sech mam Cellist iwwer d'Wierk ënnerhalen, wat de Messiaen deemools a Nazigefaangenschaft komponéiert huet. Eng Zäit déi sech fir de Komponist dono ugefillt huet, als géing d'Welt ënnergoen. De Jean-Guihen Queyras mengt, d’Thema vum Weltënnergang wier awer eppes Universelles a fir d'Mënschen, och haut, nach relevant.
Wann engem seng Welt ënnergeet
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Jean-Guihen Queyras (Foto: Jean-Guihen Queyras )
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
“Et ass einfach eng laang, intensiv Zäit” – Den ONJ op grousser Tournée
Tëschent dem 29. Juli an dem 02. August huet den ONJ dräi Concerten an dräi verschiddene Länner gespillt. En éischte Bilan zitt den ONJ am Opus Interview.
D'Ana Maria Tzekov presentéiert déi nei Saison 2026/2027 vum CAPE
Ënner dem Motto "Community a Participatioun" bitt de CAPE an der Saison 2026/2027 interdisziplinär an innovativ Projete fir Jonk an Al un.
Mosel Musikfestival mat neiem Atelier
D'Duebelspëtzt vum Dr. David Maier an Klaus Gasteiner fänkt hir éischt Saison vum Mosel Musikfestival mat engem partizipativem Atelier un.
Joseph Moog an ONJ - "Mit Stolz und Freude dieses Programm präsentieren."
Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg ass aktuell a grousser Preparatiounsphas. Zesumme mam Joseph Moog spille si hire Concert d'été zu Miersch a ginn duerno op Tournée.
"Dat ass immens flott als Veräin esou grouss Saachen unzegoen”
Och d'Harmonie vu Monnerech huet sech dëst Joer fir de World Music Contest zu Kerkrade an Holland qualifizéiert. Fir d'Musek aus dem Süde vum Land dee bis ewell gréisste Concours.
Jonke Lëtzebuerger Cellist um Festival vun der Sol Gabetta
De Matis Griso gehéiert zu 6 jonken auserwielten Cellisten, déi am Kader vun enger Masterclass mam Ivan Monighetti um Solsberg Festival opgetruede sinn.
Playlist to Connect
Dëse Sonndeg Nomëtteg, den 19 Juli, ass et bei der Sportshal zu Viichten ee ganz besonnescht Event, dat Frënn vu klassescher Musek, dem Pop oder och dem Rock zesummebréngt.
"Eng wonnerschéi Wäertschätzung"
Den Dirigent Pit Brosius iwwer d'Annonce, datt hien de Prix Arts et Lettres 2026 iwwerreecht kritt.
D'Fanfare Bouneweg ass a WM-Stëmmung
D’Fanfare vu Bouneweg ass dëst Joer op der Weltmeeschterschaft vun de Museken dobäi: Dem World Music Contest zu Kerkrade an Holland.
En Dag voller Decouvertë mat Lucilin
De Projet Musique Plus huet dëst Joer nees d’Saison vum Ensembel United Intruments of Lucilin markéiert. E Sonndeg invitéiert Lucilin dann op d’Clôture vum Projet.
Luxembourg Clarinet Ambassadors a Südkorea
Fir Lëtzebuerg um weltwäit gréisste Klarinettekongress ze representéieren, huet sech eng Ekipp vu 6 Klarinettisten aus Lëtzebuerg op de laange Wee a Südkorea gemaach.
166 Joer Mahler
De 7. Juli 1860 koum de Gustav Mahler op d'Welt.
Spuenesch Barockmusek mam Ensembel Artemandoline
De Juan Carlos Muñoz gëtt en Abléck an deen neien Album vun Artemandoline.
A capella an de Summer eran
De leschte Concert vun der Maîtrise vun der Kathedral ass an engem besonnesche Kader.
Musek am Schlass, déi bei d’Kuliss passt
Den Initiateur vum Festival alter Musik zu Veianen, de Rosch Mirkes, erzielt wat de Public an dëser Editioun erwaart.
100 Joer Hans-Werner Henze - ee Portrait
Kann een tonal schreiwen an awer zäitgenëssesch komponéieren? Dës Fro spléckt d’Komponistewelt net nëmmen haut, mee zanter den Ufäng vun der Zwieleftoun- an der serieller Musek.
Déi nei Saison vum Orchestre de Chambre du Luxembourg
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, den OCL, huet viru Kuerzem de Saisonsprogramm 2026/2027 presentéiert. Eng Saison, déi ënner der Iwwerschrëft "Trompe l'oeil" steet.
Eng musikalesch Degustatioun
D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher proposéiert e Concert mat klengen Häppercher aus dem englesche Barock.
100 Prozent Tschaikowski
Den Orchestre Place de l'Europe dediéiert de Programm vu sengem Concert den 28. Juni just engem Komponist.