D'Sonat fir Braatsch a Piano vun der Rebecca Clarke ass haut ee feste Bestanddeel vum Braatsche-Repertoire a gëtt mat Musek vum Maurice Ravel oder Claude Debussy verglach. Mee dat war net ëmmer esou?
D'Geschicht vun dësem laang vergiessene Stéck ass gläichzäiteg d'Geschicht vun enger souveräner Musekerin a Komponistin, déi ëmmer erëm erliewe misst, datt hir Stécker net eescht geholl goufen. Am Joer 1919 reecht d'Rebecca Clarke hir Sonat fir ee Kompositiounsconcours zu Massachusetts an - an zwar anonym ...