De Georg Philipp Telemann war wärend der Barockzäit an den däitsche Länner erfollegräich. Net – wéi esou vill anerer – als Haffkomponist a Kapellmeeschter, mee am Déngscht vun de fräie Stied Frankfurt a méi spéit Hamburg. De Joachim Fontaine erënnert un de berüümte Komponist vun enger Generatioun, zu där och de Bach an den Händel gehéiert hunn. Déi waren iwweregens keng Konkurrenz fir den Telemann, mee gutt Kolleegen.
Telemann, dee berüümteste Museker vu senger Zäit
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Gravure vum Georg Philipp Telemann (Foto: Deutsche Fotothek / Regine Richter)
mic_none
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine
Episoden
Telemann, dee berüümteste Museker vu senger Zäit
Den Zäitgenossen a gudde Kolleeg vum Bach a vum Händel huet am Déngscht vun de fräie Stied Frankfurt an Hamburg geschafft.
D'Constanze an de Mozart
De Wolfgang Amadeus Mozart hat seng Fra immens gären. No sengem Doud war si awer eleng mat zwee Kanner an ouni ee Su.
Revolutioun am Noutendrock
Den Numm vun der eenzegaarteger Online-Bibliothéik Petrucci Music Library erënnert un e Pionéier vum Noutendrock aus dem 16. Joerhonnert.
Glyndebourne Opera Festival
E groussen Operefestival, all Summer am brittesche Sussex
Kléischter: Gregorianik, Uergelen a Béier
De Kléischter verdanke mir e räicht Ierwen. Esouwuel wat d’Produktioun vu Béier ugeet, wéi och d’Erhale vum musikaleschen Ierwen iwwer Joerhonnerten.
East meets West
Den Hector Berlioz war op ville Concertsreese ronderëm d’Welt an zemools a Russland hat hie vill Succès.
Dem Beethoven seng 9. Sinfonie
D'Geschicht vum grousse Wierk, dat am Mee 1824 zu Wien uropgeféiert gouf.
E Bléck an d’Privatgemächer
Iwwer d'Relatioun vu grousse Komponiste mat hire Fraen
Vegetaresch, sportlech … a gesond Musek
Komponisten an Zäite vun der Liewensreform (ëm 1900)
Komponisten an hir bescht Frënn
Ouni Hausdéiere géife verschidde Wierker vläicht anescht kléngen.
Komponisten an hir Krankheeten
Vill si fréi verstuerwen a bis haut gëtt nach iwwer d'Doudesursaache gefuerscht.
Déi eenzeg Fra bei Les Six
D’Germaine Tailleferre war déi eenzeg Fra am franséische Komponistegrupp.