Aus dem Mozart senge Bréiwer ass gewosst, wéi vill hie seng Fra gären hat. Vun der Constanze gëtt et awer keen eenzegt Dokument, dat eis méi iwwer hir Gefiller an dëser Bezéiung seet. Sécher ass: Si hat et net ëmmer einfach. Vum Papp, dem Leopold Mozart, krut si keng Ënnerstëtzung. Si war him hirem Stand net wierdeg genuch. De Wolfgang Amadeus léisst si no sengem Doud eleng mat zwee klenge Kanner an engem Bierg u Scholden. Wéi huet dës Bezéiung geklappt? Eng Plaz an de Bréiwer bréngt de Joachim Fontaine op Spueren, déi laang iwwersi goufen.
D'Constanze an de Mozart
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Wolfgang Amadeus Mozart, Constanze Mozart (geb. von Weber) (Foto: gallica.bnf.fr / Bibliothèque nationale de France)
mic_none
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine
Episoden
D'Constanze an de Mozart
De Wolfgang Amadeus Mozart hat seng Fra immens gären. No sengem Doud war si awer eleng mat zwee Kanner an ouni ee Su.
Revolutioun am Noutendrock
Den Numm vun der eenzegaarteger Online-Bibliothéik Petrucci Music Library erënnert un e Pionéier vum Noutendrock aus dem 16. Joerhonnert.
Glyndebourne Opera Festival
E groussen Operefestival, all Summer am brittesche Sussex
Kléischter: Gregorianik, Uergelen a Béier
De Kléischter verdanke mir e räicht Ierwen. Esouwuel wat d’Produktioun vu Béier ugeet, wéi och d’Erhale vum musikaleschen Ierwen iwwer Joerhonnerten.
East meets West
Den Hector Berlioz war op ville Concertsreese ronderëm d’Welt an zemools a Russland hat hie vill Succès.
Dem Beethoven seng 9. Sinfonie
D'Geschicht vum grousse Wierk, dat am Mee 1824 zu Wien uropgeféiert gouf.
E Bléck an d’Privatgemächer
Iwwer d'Relatioun vu grousse Komponiste mat hire Fraen
Vegetaresch, sportlech … a gesond Musek
Komponisten an Zäite vun der Liewensreform (ëm 1900)
Komponisten an hir bescht Frënn
Ouni Hausdéiere géife verschidde Wierker vläicht anescht kléngen.
Komponisten an hir Krankheeten
Vill si fréi verstuerwen a bis haut gëtt nach iwwer d'Doudesursaache gefuerscht.
Déi eenzeg Fra bei Les Six
D’Germaine Tailleferre war déi eenzeg Fra am franséische Komponistegrupp.