De Lëtzebuerger Komponist a Museker Gast Waltzing stoung den 13. Mee 2026 als Dirigent an Éieregaascht op der Bün vum Grand Auditoire. Uleies war säi 70. Gebuertsdag, deen hie mat fréieren Aarbechtskolleegen an de Lëtzebuerger Philharmoniker gefeiert huet. Musikalesch bléckt hien op iwwer 55 Joer Karriär zeréck.
Op der Bün stoungen deen Owend nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Gast Waltzing d'Sängerinnen Angélique Kidjo, Dobet Gnahoré, Morgane Ji, seng Fra Maggie Parke, den Trompettist Li Xiaochuan, de Geiist Jean-Jacques Mailliet souwéi d'Museker David Laborier,
Kyle Eastwood, Rom Heck a Rainer Kind.
Mat insgesamt 17 Wierker weise si dem Gast Waltzing seng Bandbreet a Villsäitegkeet.
De Lex Kauffmann hëlt dech an déi wonnerbar Stëmmung vum Owend mat a gëtt Ablécker an d'Liewe vum Gast Waltzing an an d'Zesummenaarbecht tëschent him a senge "Guests".