“Muskuléis mat engem Hauch vu Gewalt”: Esou huet d’New-York Times dem Geiist Benjamin Beilman säin Toun eng Kéier beschriwwen, eng Beschreiwung, där de Geiist zoustëmmt: Hie géif ëmmer mat vollem Asaz a Passioun spillen. Den Opus iwwerdréit e Live-Matschnëtt vu sengem Optrëtt mat de Solistes Européens, Luxembourg. Um Programm dem Ludwig van Beethoven säi Geieconcerto, “Moz-Art à la Haydn” vum Alfred Schnittke an déi 5. Sinfonie vum Franz Schubert.
Programm:
Ludwig van Beethoven: Concerto fir Gei
Alfred Schnittke: Moz-Art à la Haydn
Franz Schubert: Symphonie Nr. 5 D 485
Interpreten:
Benjamin Beilman, Gei
Solistes Européens, Luxembourg
Christoph König, Direktioun