E laang verkannte Pianosconcerto

play_disabled
on the headlines

Dem Sergueï Prokofiev säin 2. Pianosconcerto a Sol Mineur ass e Wierk, dat nawell seng Startschwieregkeeten hat: geschriwwen an de Joren 1912/1913, gouf et ufanks souwuel vum Public wéi och vun den deemolege Musekskritiker éischter negativ opgeholl. Nodeems d'Originalpartitur wärend dem 1. Weltkrich verluer gaangen ass, huet de Prokofiev 1923 eng nei Orchestréierung geschriwwen. Trotzdeem gouf d'Wierk, "Boosey & Hawkes" no, tëscht 1930 an 1949 keng eenzeg Kéier opgefouert. Dobäi ass d'Musek vun dësem 4-sätzege Wierk net oninteressant: typesch Elementer vum Expressionismus wéi staark dissonant Passage verschmëlzen hei mat spéitromantesche Kläng; do kann een dach awer vun engem ganz emotionale Wierk schwätzen. 
Als 2. Punkt um Programm steet dem Ludwig van Beethoven seng beléifte 6. Sinfonie, déi zäitgläich mat där bekannter 5. entstanen ass. Hire Bäinumm "Pastorale" kënnt hei net vun ongeféier: de Beethoven ass senger Zäit scho viraus a gräift dat typesch romantescht Leitmotiv vun der Natur op. An all Saz ginn Andréck aus der Natur an dem ländleche Liewen a senger Musek duergestallt. Hie selwer schwätzt vun der Perspektiv vum "Stadmënsch", deen d'Liewen um Land an d'Schéinheet vun der Natur fir sech nei entdeckt. 
Nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Leedung vum Riccardo Minasi stécht bei dësem Concert virun allem de jonken hollännesche Pianist Nikola Meeuwsen eraus, deen 2025 de renomméierten "Concours Reine Élisabeth" gewonnen huet. 
Opgeholl gouf dëse Concert an der Philharmonie zu Lëtzebuerg an Dir kënnt en nach bis den 8. Abrëll 2026 an der Mediathéik vum Opus nolauschteren.

Programm:

Sergueï Prokofiev (1891-1953): Pianosconcerto Nr.2 a Sol Mineur, Op. 16

Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sinfonie Nr.6 ("Pastorale")

Interpreten:

Nikola Meeuwsen, Piano

Lëtzebuerger Philharmoniker

Riccardo Minasi, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

En italieeneschen Dram | © DocServizi-SergioBertaniOSNRai

En italieeneschen Dram

Orchesterromantik - inspiréiert aus Italien - e legendären Celloconcerto
headphones

121 min

play_arrow
Hommage un de Pierre Cao | © Christian Peckels

Hommage un de Pierre Cao

De Pierre Cao huet dem Joseph Haydn säin Oratorium "Die Schöpfung“ dirigéiert.
headphones

118 min

play_arrow
Jean Muller spillt Schubert | © Filip Veirman

Jean Muller spillt Schubert

Schätz aus der Romantik zu Maarnech: De Jean Muller interpretéiert Sonaten, Pianosstécker an d'"Wanderfantasie" vum Schubert
headphones

110 min

play_arrow
30 Joer Martin Elmquist | © Paul Mootz

30 Joer Martin Elmquist

Den Orchester Luxembourg Philharmonia feiert säin Dirigent.
headphones

125 min

play_arrow
De Lieutenant Colonnel Jean-Claude Braun dirigéiert zu Cincinnati

De Lieutenant Colonnel Jean-Claude Braun dirigéiert zu Cincinnati

De Live-Matschnëtt vum Optrëtt um Windfest 2026 aus dem Music Hall zu Cincinnati
headphones

125 min

play_arrow
Zwee lescht Pianosconcertoen | © Pixabay

Zwee lescht Pianosconcertoen

De Kammerorchester vum rumänesche Radio spillt déi jeeweils lescht Pianosconcertoe vu Mozart a Beethoven.
headphones

121 min

play_arrow
Maat Saxophone Quartet | © Alina Fejzo

Maat Saxophone Quartet

E Live-Matschnëtt vum portugisesch-hollänneschen Ensembel aus dem Kammermusekssall vun der Philharmonie.
Romantiker, Rebell, Revolutionär

Romantiker, Rebell, Revolutionär

En Hommage un de Papp vun der däitscher Oper, de Carl Maria von Weber
headphones

121 min

play_arrow
Déi jonk Generatioun am Mëttelpunkt | © Jacky Azoulai

Déi jonk Generatioun am Mëttelpunkt

De Jérémie Moreau um Piano an d'Valerie Fritz um Cello stellen hiert Talent ënner Beweis.
headphones

124 min

play_arrow
Sechs zäitgenëssesch Komponistinnen | © Anne Bied

Sechs zäitgenëssesch Komponistinnen

Wierker vu Lera Auerbach, Anna Clyne, Konstantia Gourzi, Camille Pépin, Livia Teodorescu-Ciocanea an Allison Loggins-Hull
headphones

122 min

play_arrow
Den Cello an all senge Variatiounen | © Andrej Grilc

Den Cello an all senge Variatiounen

Alles am Zeeche vum Cello: mat engem variéierte Programm ronderëm dräi grouss Nimm, de Franz Schubert, de Claude Debussy an de Johannes Brahms
headphones

112 min

play_arrow
Galaconcert vun den International Classical Music Awards | © Marian Lenhard

Galaconcert vun den International Classical Music Awards

Musikalesch Glanzliichter
headphones

130 min

play_arrow
De Rising Star Giorgi Gigashvili | © Dubai Opera

De Rising Star Giorgi Gigashvili

Den am Joer 2000 gebuerene Pianist presentéiert sech mat däitscher Romantik, russeschem 20. Joerhonnert an enger neier Kompositioun vun der Natalie Berizde
play_disabled
Esou ënnerschiddlech kann dat 20. Joerhonnert kléngen | © Philharmonie de Luxembourg

Esou ënnerschiddlech kann dat 20. Joerhonnert kléngen

Sibelius, Janáček a Schostakowitsch mam Leonidas Kavakos, mat de Lëtzebuerger Philharmoniker a mam Jukka-Pekka Saraste
Hommage un d'Clara Schumann | © Franz Hanfstaengl

Hommage un d'Clara Schumann

Déi legendär Pianistin, Komponistin a Mamm vun 8 Kanner, ass virun 130 Joer gestuerwen.
headphones

121 min

play_arrow
Grouss Sinfonie | © EBU

Grouss Sinfonie

De Schweedesche Radiosymphonieorchester spillt ënnert der Leedung vum Antonio Pappano Wierker vum Johannes Brahms a Richard Strauss
play_disabled
E Rising Star um ungareschen Cimbalom | © Posztós János

E Rising Star um ungareschen Cimbalom

Folk, Jazz a Klassik vu Bach bis Modern, gespillt op engem vun den eelste Museksinstrumenter dem Cimbalom, vun dem ungareschen Nowuesstalent Aron Horváth
play_disabled
Papp a Jong | © Facebooksäit vum Catch Music Festival

Papp a Jong

D’Famill Bach an d’Famill Scarlatti stinn am Fokus um Erëffnungsconcert vum Catch Music Festival 2026
play_disabled
70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

De Lëtzebuerger Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag an invitéiert nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker eng Rei Kënschtler:innen vu vergangene Projeten op d'Bün.
play_disabled
Wéi am Dram | © Adriano Heitman

Wéi am Dram

Charles Dutoit a Martha Argerich versetzen eis an aner Welten.
play_disabled