Et misst een awer ofwaarde bis déi amerikanesch "Ënnerhändler" mat den Diskussioune mam Iran fäerdeg wieren. Mat senger Aussoe, datt Russland ofwaarde wéilt bis déi amerikanesch Delegatioun nees Zäit hätt fir iwwer en Accord mat der Ukrain ze verhandelen, geet de russesche President Wladimir Putin konkreete Friddensverhandlungen nees aus dem Wee.
Fridden, mee zu wéi engem Präis?
Moskau hält iwwerdeems u senger Positioun fest, datt déi ëmkämpfte Regioun Donbass am Oste vun der Ukrain misst russescht Staatsgebitt ginn.
Den amerikanesche President Donald Trump hat um G7-Sommet erkläert, datt Russland misst en Accord fir en Enn vum Krich ënnerschreiwen, anerwäerts géife weider Sanktiounen decidéiert ginn.
Penurie a Russland
Parallel huet de Kreml eng Krisesëtzung aberuff, well et op ville Plazen am Land u Bensinn a Kerosin feelt. D‘Ukrain huet zënter Méint systematesch déi russesch Raffinerien a Pëtrolslageren attackéiert.