EU

Ukrainesch Männer kënnen net méi esou einfach an d'EU-Staate flüchten

D’Europäesch Kommissioun proposéiert, déi temporär Protektioun vu Leit, déi aus er Ukrain an d’EU flüchten, ëm ee Joer ze verlängeren. Net dorënner géifen awer Männer falen, déi an d’Arméi musse goen a vun der Ukrain keng Autorisatioun fir auszereese kréien.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Zoonar | Oliver Boehmer play_arrow
(Foto: picture alliance / Zoonar | Oliver Boehmer)

D’Propos wier op Demande vun der Ukrain an no Ofsprooch mat de Memberlänner gemaach ginn, esou de Moien den EU-Kommissär fir d’Migratioun, de Magnus Brunner. D’EU hätt bis elo eng 4,4 Milliounen Ukrainer:innen opgeholl. Dat wier déi gréissten Zuel weltwäit gesinn, esou och den Éisträicher.

Protektioun gëllt net fir Männer tëschent 23 a 60 Joer

Well de Krich virugeet, misst och déi europäesch Ënnerstëtzung virugoen, esou de Magnus Brunner. Dowéinst proposéiert d’Kommissioun den aktuelle Regimm vun den temporäre Protektiounen, deen am Mäerz 2027 ausleeft, ëm ee Joer ze verlängeren.

Allerdéngs mat enger Aschränkung: Déi Protektioun soll net gëlle fir Leit, déi wéinst hire militäreschen Obligatiounen d’Ukrain net verloossen dierfen.

"Mir maachen elo dat, wat d’Ukrain eis gefrot huet, ze maachen, et reflektéiert och d’Diskussioun mat de Memberstaaten, speziell mat deenen, déi déi meescht Refugiéen opgeholl hunn."

Déi nei Ausnamreegel fir déi temporär Protektioun géif bis de Mäerz 2028 gëllen. D’Restriktioun gëllt net fir Leit, déi den Ament schonn an der EU sinn, esou och de Magnus Brunner de Moien op der Pressekonferenz.

Europäesche Rot mellt Bedenke wéinst Bréch mat EU-Grondwäerter

Déi ukrainesch Arméi rekrutéiert dem ukrainesche President Selenskyj no all Mount iwwer 30.000 Männer. Doduerch awer kéint déi héich Zuel vun de Deserteuren net ausgeglach ginn.

Den Europäesche Rot fir Mënscherechter huet Bedenken ugemellt wéinst méigleche Bréch mat EU-Grondwäerter. D’Propos wier diskriminatoresch, well d’Ausnamereegel just fir Männer gëlle soll.

Natierlech wieren d’Mënscherechter net negociabel, sot dozou de Magnus Brunner. Et hätt ee sech mat Experten, mee virun allem mat den ukraineschen Alliéierte beroden, genee ewéi mat de Vertrieder aus de Memberlänner.

Lëtzebuerg huet keng kloer Positioun

De Lëtzebuerger Innenminister Léon Gloden hat um Bord vun der Reunioun vun den EU-Innenminister uganks Juni keng kloer Positioun zu deem Sujet geholl.

Lëtzebuerg wier et wichteg, datt d’EU-Länner un engem Strang zéien, esou den CSV-Minister. Et sollt evitéiert ginn, datt d’Länner unilateral Decisiounen huelen.

Lauschterenplay_arrow