D‘Reglement Retour schaaft Basis vu Réckféierungszentren ausserhalb vun den EU-Grenzen, sougenannte "Return hubs".
E Réckschlag fir d'EU
De Vott am Europaparlament gouf vun de rietse Kräfte gefeiert. Och eis CSV Europa-Deputéierten hunn dofir gestëmmt. E Réckschlag fir déi grondleeënd Valeuren, op deenen d’EU opgebaut gouf.
Mënschen, deenen Asyl an Europa refuséiert gouf oder déi sech ouni Openthaltserlabnis an der EU ophalen, kënnen an de "Return hubs" agespaart gi bis zur definitiver Réckféierung an e Land, egal op dat hiert Heemechtsland ass oder net.
"Return hubs" sollen a Länner ausserhalb vun Europa ageriicht ginn. Sondéierungsgespréicher hu schonns mat Albanien, Tunesien a Ruanda stattfonnt.
Risiken am Hierkonftsland ausgesat
Eisen Innenminister weist sech un enger Zesummenaarbecht mat aneren EU-Staaten interesséiert fir de Finanzement vun esou "Return hubs".
Déi meescht vun dëse Länner wäerte schwéier d‘europäesch Schutzstandarden bidden. Déi definitiv Réckféierung wäert dann och keng Garantie bidde fir déi sozial, politesch a finanziell Sécherheet vun den Ausgewisenen an deem definitive Réckféierungsland.
D‘Reglement schwächt och d'Méiglechkeet vu Recourse viru Geriicht. Migrante kënnen elo ausgewise ginn, ier d'Geriichter d'Risike vu Verfollgung oder Mësshandlung, deenen si am Réckféierungsland eventuell ausgesat sinn, grëndlech konnten iwwerpréiwen.
Biller, déi un Trump-Amerika erënneren
Mee et kënnt nach schlëmmer: D'Reglement kriminaliséiert och déi, déi dëse Migrante wëllen hëllefen. D'Police wäert Haiser, an deenen sech Persounen ënnert Ausweisungsbefehl ophalen, esou wéi "all aner relevant Raimlechkeeten" duerchsiche kënnen.
Etude vun Affekoten, Büroe vun ONGen, Schoulen, Kierchen, Privathaiser: Dat erënnert u Biller aus dem Trump sengem Amerika, wou d‘ICE-Poliziste mat rauer Gewalt virginn, ouni geréngste Respekt géint vermeintlech illegal Awanderer a géint all déi, déi wëllen hëllefen.
Eng mënscheveruechtend Politik.
De Problem vum Mënscheschmuggel
E rezenten, internationale Fuerschungsbericht iwwer Mënscheschmuggel schreift, datt d'Repressioun géingt Migranten zouhëlt an esou d'Prekaritéit an d'Onsécherheet, an deene si liewe mussen, weltwäit ënnerstëtzt.
Mënscheschmuggel gëtt definitiv ëmmer méi lukrativ fir kriminell Reseauen. Als Léisunge proposéiert de Bericht d'Ofsécherung vu legalen Immigratiounsweeër an d'Bekämpfung vun der Korruptioun, déi dës Netzwierker erméiglechen.
Europa brauch Immigratioun
Gedriwwe vun Nationalisten, Populisten a Suprematisten an obsedéiert vu Réckféierung a Repressioun, spillt eis Politik de kriminelle Reseauen esou an d'Täsch.
Dobäi huet Europa als fréier Kolonialmuecht Verantwortung ze droen. An Europa brauch Immigratioun. Fir seng Wirtschaft um Liewen ze halen. Fir seng sozial Systemer ofzesécheren. A fir seng Positioun an enger globaliséierter Welt ze stäerken.
Dofir: Welcome in Europe!
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.