"Afenhëtzt" – dat kéint no dëser Woch d'Wuert vum Joer 2026 ginn. Mat 38,2 Grad um Findel an iwwer 41 Grad zu Réimech hu mir zu Lëtzebuerg aussergewéinlech Deeg hanner eis.
Vill Mënsche sinn un hir Grenze komm, besonnesch eeler, krank oder aner vulnerabel Persounen. Dobäi war et net nëmmen d'Hëtzt am Dag, mee och déi waarm Nuechten, déi kaum nach Erhuelung zougelooss hunn.
Hëtztwell ass de Beweis ... mee vu wat?
Och eis Nopeschlänner hunn nei Rekorder opgestallt. Däitschland huet iwwer 41 Grad gemooss, Frankräich bal 45 Grad a Groussbritannien huet säi wäermste Juni-Dag zënter dem Ufank vun de Wiederopzeechnunge registréiert.
Wann esou Rekorder gläichzäiteg a ville Regioune falen, stellt sech bal automatesch eng Fro: Ass dat nach eng Ausnam oder schonn déi nei Normalitéit?
D'Diskussioun gëtt séier emotional. Déi eng gesinn an all Hëtztwell den definitive Beweis vum Klimawandel. Déi aner verweisen op natierlech Klimazyklen, déi et ëmmer scho gouf.
E Rekord nom aneren
An tatsächlech huet d'Äerd ëmmer klimatesch Schwankunge kannt. Et gouf méi waarm a méi kal Perioden, laang ier de Mënsch ugefaangen huet, grouss Quantitéite vu fossille Brennstoffer ze verbrennen.
Mee genee hei läit den Ënnerscheed: Net d'Existenz vun Hëtztwellen ass nei, mee hir Heefegkeet an hir Intensitéit.
Wieder beschreift dat, wat mir haut erliewen. Klima ass d'Statistik iwwer Joerzéngten. Een eenzegen Hëtztdag beweist näischt. Mee wann ëmmer méi Rekorder an ëmmer méi kuerzer Zäit gebrach ginn, da weist dat op eng Entwécklung hin, déi ee seriö huele soll.
De philosophesche Bléck op d'Situatioun
Philosophesch gesinn ass et interessant, wéi mir mat Onsécherheet ëmgoen. Wa mir all Rekord als Zoufall ofdoe riskéiere mir, ze spéit ze handelen. Wa mir awer all extreem Wiederevenement als definitive Beweis interpretéieren, vereinfache mir eng komplex Realitéit.
Tëscht Alarmismus a Verharmlosung gëtt et en drëtte Wee: d'Fakten eescht huelen, vigilant bleiwen a kritesch denken. Well egal ob een un natierlech Klimazyklen oder un de mënschlechen Afloss gleeft: D'Hëtzt vun dëser Woch hu mir alleguer gespuert.
Wéi ass et mat de Schoulen?
A grad do stellt sech eng Fro, déi eis Schoule ganz konkret betrëfft. Soll de Cours bei Temperaturen iwwer 35 oder 38 Grad einfach weiderlafen? Vill Klassesäll ginn am Summer zu richtegen Hëtztfalen.
Léieren, sech konzentréieren oder Tester schreiwen ass ënner esou Bedéngungen net nëmme fir d'Schülerinnen a Schüler, mee och fir d'Léierpersonal eng Erausfuerderung.
Dobäi gëtt dacks de Bildungsminister kritiséiert, mee d'Schoulgebaier ginn net vum Educatiounsministère gebaut, mee vun den zoustännegen ëffentleche Bauträger.
Vläicht ass et Zäit, d'Schoul net méi nëmmen als Léierplaz, mee och als Liewensraum ze denken.
Schoule vu gëschter oder vu muer?
Wa mir wëssen, datt Hëtztwellen an Zukunft méi heefeg optriede kënnen, da misste Schoulen - wéi och déi aner ëffentlech Gebaier- dofir geplangt ginn: Mat gudder Isolatioun, effizientem Sonneschutz, natierlecher Belëftung, Schied duerch Beem a – wou et néideg ass – energieeffizienten Ofkillungsméiglechkeeten.
D'Fro ass also net nëmmen, ob d'Schoul bei grousser Hëtzt soll fräi ginn. Déi eigentlech Fro ass vill méi grondleeënd: Baue mir haut nach Schoule fir d'Klima vu gëschter – oder scho fir d'Realitéit vu muer?
Eng laangfristeg Strategie ass néideg
Wa mir wëssen, datt extreem Hëtztperioden ëmmer méi heefeg kënne ginn, da sollte mir net waarden, bis déi nächst Rekorder falen.
Mir brauchen eng laangfristeg Strategie fir eis ëffentlech Gebaier – besonnesch eis Schoulen – esou ze plangen an ze renovéieren, datt si och an zéng, zwanzeg oder fofzeg Joer nach Plaze sinn, wou ee gutt léieren a schaffen kann.
Net als Reaktioun op eng Hëtztwell, mee als Investitioun an d'Zukunft.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.