Police

Warnung viru falsche Pak-Livreuren, déi virun allem eeler Leit viséieren

D‘Police warnt erëm viru falsche Pak-Livreuren: Meeschtens géif een Onbekannte virun allem bei eelere Persoune schellen an esou maachen, wéi wann hien e Pak wéilt ofginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Eibner-Pressefoto | Fleig / Eibner-Pressefoto
(Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Fleig / Eibner-Pressefoto)

Dofir verlaangt hien awer ee klenge Montant, deen d‘Affer mat der Kaart soll bezuelen. Wann d‘Affer dat da mécht, tauscht den Täter d‘Kaart onbemierkt géint eng aus, déi änlech ausgesäit, mee op där een aneren Numm steet. Den Täter hieft dann duerno Sue mat der geklauter Kaart op oder bezilt domat.

Wann een Affer vun esou engem Trick-Vol sollt gi sinn, soll ee sech direkt bei der Police mellen.

D‘Police erënnert drun, ni eng Bankkaart aus der Hand ze ginn a bei Zweiwel d‘Bezuelung direkt ofzebriechen. An et soll ee virun allem eeler Leit iwwer d‘Bedruchsmasch informéieren.